Holly Black
Holly Black | |
---|---|
Gebuer | 10. November 1971 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Rutgers University |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Kannerbuchauteur, Journalist |
D'Holly Black, gebuer den 10. November 1971, ass eng US-amerikanesch Schrëftstellerin.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Holly Black ass an am New Jersey opgewuess. Hir Mamm, eng Molerin a Poppemécherin, huet sir als Kand fir d'Welt vun der Magie a Fabelwiese begeeschtert. Als Teenager huet d'Holly Black vill Bicher a Bünestécker a souguer e Buch, dat awer no hirer eegener Ausso miserabel war, geschriwwen. Spéider huet se e College a Philadelphia besicht an do hiren Ofschloss gemaach.
Zu New York, wou se bei engem Spillmagazin geschafft huet, huet se den Illustrateur Tony DiTerlizzi begéint. An där Zäit huet se och hiren éischte Fantasyroman geschriwwen, dee begeeschtert Kriticke krut. Vun der American Library Association ass d'Buch zum Best Book for Young Adults erkläert ginn. Am Summer 2003 ass den éischte Band vun de Spiderwick-Chroniken erauskomm.
Vun der Holly Black ass op Däitsch och d'Jugendbuch Elfentochter (cbj-Verlag) an hiren éischte Jugendroman Die Zehnte (Arena Verlag, 2003; amerikaneschen Originaltitel: Tithe: A Modern Faerie Tale) erauskomm.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
D'Holly Black lieft mat hirer Famill am New Jersey.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Holly Black – Biller, Videoen oder Audiodateien |