Op den Inhalt sprangen

Hollywood (Zäitschrëft)

Vu Wikipedia
Hollywood
Typ Periodique, Wochenzeitung
Sprooch Däitsch
Editiounshaus Émile Marx

Hollywood war eng kuerzlieweg lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi tëscht dem 14. Dezember 1928 an dem 12. Juli 1929 eemol d'Woch freides erauskoum. Gedréckt gouf se beim Jos. Beffort, Editeur war den Emil Marx, (Haapt)redakter de Kolja (Nic) Molling.[1]

No e puer Nummere gouf si 1929 vum Editeur a Journalist Eugen Ewert (1910-1984) opkaaft, ma schonn Enn Juli dat Joer war et eriwwer dermat.[1]

Hollywood huet sech mat Filmer beschäftegt, net nëmmen däer aus de Vereeengte Staaten, ma och aus anere Länner.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Hollywood op eluxemburgensia.lu.