Honnert
| 100 | |
|---|---|
| Honnert | |
|
| |
| positiv ganz Zuel, zesummegesat Zuel, Quadratzuel, gerued Zuel, Harshad-Zuel, Leyland-Zuel | |
| Ordinalzuel | honnertst |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 2, 5 |
| Deeler | 1, 2, 4, 5, 10, 20, 25, 50, 100 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 3 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | C |
| Binär | 1100100 |
| Oktal | 144 |
| Duodezimal | 84 |
| Hexadezimal | 64 |
|
| |
Déi natierlech Zuel Honnert (100) ass d'Nofollgerin vun der Néngannonzeg an d'Virgängerin vun der Honnerteent. Et ass eng zesummegesat, gerued Zuel.
Mathematik
[änneren | Quelltext änneren]Dat réimescht Zeeche fir d'Honnert ass C.
Si ass déi sechst Leyland-Zuel, well ee si als schreiwe kann.
Absënns am Dezimalsystem ass d'Honnert wichteg, well se als déi zweet Potenz vun 10 (10²) eng „ronn“ Zuel ass. S'ass och d'Zomm vun den néng éischte Primzuelen (2 + 3 + 5 + 7 + 11 + 13 + 17 + 19 + 23 = 100) an de véier éischte Kubikzuelen (1³ + 2³ + 3³ + 4³ = 100) a s'ass eng Harshad-Zuel.
An der Praxis gëtt d'Honnert gebraucht fir Gréissteverhältnisser auszedrécken; d'Referenz op eng Gréisst gëtt normalerweis an Honnertstel (als Prozent) ausgedréckt. Een Zentimeter, ofgekierzt cm, entsprécht z.B. dem Honnertstel vun engem Meter: 1 cm = 10−2 m oder 0,01 m.
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Honnert d'Uerdnungszuel vum Fermium. D'Uerdnungszuel 100 bedeit, datt e Fermiumatom 100 Protonen an 100 Elektronen a sengem Grondzoustand huet.
De Messier 100 (och als NGC 4321 bezeechent) ass eng hell Spiralgalaxie am Stärebild Coma Berenices (Hoer vun der Berenike). Den NGC 100 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Pisces, déi ongeféier 44 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass. Den (100) Hekate aas en Asteroid, deen no der Hekate genannt gouf, der Gëttin vun der Zauberkonscht a vun de Weekräizungen aus der griichescher Mythologie.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]
Den Argos Panoptes (lat. Argus) war an der griichescher Mythologie e Ris mat honnert (oder vill) Aen, deen zimmlech schaarfsiichteg war (dohier och "Argusaen").
Den Honnertjärege Krich war e laange Konflikt tëscht Frankräich an England vun 1337 bis 1453. Zwéi Facteuren hu bei dësem Krich eng Roll gespillt, den dynastesche Konflikt an d'Streidereien tëscht Frankräich an England fir d'Guyenne.
D'100 Bicher vum Joerhonnert sinn e franséischt Klassement vu Bicher, déi als honnert bescht Bicher vum 20. Joerhonnert ugesi ginn,
100 Rifles ass en US-amerikanesche Film vum Tom Gries aus dem Joer 1969. De mexikanesche Revolutionär Yaqui Joe Herrera huet eng Bank iwwerfall, a mat de Sue wëll hien 100 Gewierer kafen, fir der Revolutioun ze hëllefen.
Diddeleng – 100 Joer, 100 Gesiichter ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm aus dem Joer 2007 vun der Beryl Koltz an dem Armand Strainchamps.
De Li Jiang ass en 100 km laange chineesesche Floss deen op enger Längt vun 83 km vu Guilin aus bis Yangshuo mat Touristeschëffer befuer gëtt.
Den 100-Meter-Laf ass eng olympesch Disziplin an der Liichtathleetik, déi zum Sprint gehéiert. Wien e Feelstart mécht (Reaktiounszäit vun ënner 100 Millisekonnen) gëtt disqualifizéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Honnert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
