Hotel Alfa

Vu Wikipedia
Hotel Alfa
(2011)
Land Lëtzebuerg
Plaz Stad Lëtzebuerg
Adress Place de la Gare
Koordinaten 49° 36’ 00’’ N 6° 07’ 00’’ O
Architekt(en) Léon Bouvart
Statut Klasséiert Monument (IS), (INPA)
Datum vum Bau 1930
Detail vun der Fassad

Den Hotel Alfa ass en Hotel am Art Deco-Stil am Garer Quartier, op der Garer Plaz, an der Stad Lëtzebuerg. E gouf 1930, no Pläng vum Léon Bouvart (1883-1933) vum Entreprener Alfred Lefèvre (1866-1958) gebaut.[1]

Enn 1944 hunn ë. a. d'Genereel Patton, Bradley an Eisenhower dra logéiert.[2]

D'Gebai gouf an den 1970er Jore renovéiert, an dann nees an de spéiden 1990er/fréien 2000er. Dobäi gouf ë. a. den Daach ausgebaut. Den Hotel gouf bis 2017, als Mercure Grand Hotel Alfa Luxembourg, vun der Hotelschaîne Mercure bedriwwen, déi zum Accor-Grupp gehéiert.

An der Brasserie vum Hotel sinn eng Rëtsch Molereien vum Julien Lefèvre, dem Jong vum Alfred Lefève, ze gesinn. Si stelle verschidde Lëtzebuerger Landschaften duer (Minett, Musel, Éislek a Guttland).[3]

Den Hotel Alfa steet zanter dem 14. Mee 1991 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.[4]

Am Mäerz 2017 huet wéinst Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Proprietär, engem Schwäizer Konsortium, an dem Locataire, engem Lëtzebuerger Immobiliegrupp, de Sous-locatiare Accor Belsch de Bail mat Alfa Hotel gekënnegt, an den Hotel gouf zougemaach.[5]

Am Abrëll/Mee 2019 huet de Proprietär e Kontrakt mat der Hotelschaîne Marriott ënnerschriwwen, déi, no Moderniséierungsaarbechten, vun 2021 un d'Gebai ënnert dem Numm Luxembourg Marriott Hotel Alfa exploitéiere soll.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Scuto, Denis, 1995. "Un soupçon d'Amérique". S.63-66 in: Lorang, Antoinette & Denis Scuto, 1995. La maison d'en face - Das Haus nebenan. Éditions Le Phare.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hotel Alfa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Scuto 1995: 64.
  2. Cf. Scuto 1995: 65.
  3. Promenade architecturale au Quartier de la Gare (Broschür, S.6.)
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  5. "Alfa-Hotel schließt: 'Eine Katastrophe für das Personal'." wort.lu, 16. Mäerz 2017 um 19:51.
  6. "Hotel Alfa wird wiederbelebt." wort.lu, 03.05.2019.