Hotel Cloche d'Or

Vu Wikipedia
Hei stoung fréier den Hotel Cloche d'Or. Am Hannergrond Gebaier laanscht d'Escher Strooss.

Den Hotel Cloche d'Or war fréier en Hotel zu Gaasperech an der Stad. Den Hotel louch westlech vun der Escher Strooss, op der Spëtzt wou den Tubisbierg op d'Escher Strooss gestouss ass. Et entsprécht dem Deel tëscht der haiteger Escher Strooss an dem nërdlechen Deel vun der Rue Guillaume Kroll.

Den Hotel huet deem Deel vu Gaasperech den Numm ginn, wou vun Enn vun den 1970er Joren un déi éischt Gebaier vun der neier Aktivitéitszon entstane sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Annonce am Tageblatt vum 18. Februar 1939

1908 huet de Michel Weber um Schaarfen Eck, d. h. op der Kräizung vun der Escher[1]- an der Beetebuerger Strooss[2], de „Café-Restaurant Weber-Hebber“ mat enger Keelebunn opgemaach. De Café huet bis ongeféier 1920 bestanen.

De 16. Mee 1937 huet de Gehardus Marx eng Auberge mat Restaurant a Keelebunn ënnert dem Numm „Cloche d'or“ opgemaach. Et war eng giedlech Plaz fir um Wee an de Süden eng Halt ze maachen. Den Numm „Cloche d'or“ huet du lues a lues de fréieren Numm vum Schaarfen Eck verdrängt an ass och en Toponym fir dee ganze Secteur ginn.

1939 koumen nei Proprietären, d'Marguerite Seywert an den Nicolas Hausemer. Mat engem „gudde Patt“, engem „sëffege Wäin“ hu si hir Clientèle gelackelt. Et goufen Danzsoiréeën a Maskebaler organiséiert. Nom August 1940 ass näischt méi vum deemolege Proprietär gewosst.

D'Schwämm beim fréieren Hotel Cloche d'Or (1973)
Iwwerreschter vun der Schwämm? (2019)

Den 1. Dezember 1945 ass den Hotel nees ënnert dem alen Numm opgemaach ginn. Géint 1950 krut en och nach eng Bausseschwämm. Am Joer 1963 hat den Hotel 11 Zëmmeren an e Restaurant. D'Schwämm war virdru renovéiert ginn a gouf vum Albert Stoltz ënnert dem Numm „Ma Plage“ nees opgemaach, dee se bis an d'1970er Joren exploitéiert huet.

Uganks Februar 1973 ass de Betrib nach eng Kéier ëmgenannt ginn a huet dunn „Gran Vatel“ geheescht, als Referenz un de François Vatel, engem vun de bedeitendste Kichemeeschtere vu senger Zäit (1631 - 1671). Den Hotel hat deemools 22 Zëmmeren, 12 Garagen, e Parking an e Park. Nieft dem Restaurant mat enger Spezialitéitekaart gouf et och e Grillroom „An der Taak”[3].

1981 gouf de Restaurant vum Ramon Sanchez iwwerholl, dee vun do u Spuenesch Spezialitéiten zerwéiert huet.

Hautdesdaags(Dezember 2019) sinn nach vereenzelt Iwwerreschter vum Hotel a sengem Beréng ze gesinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hotel Cloche d'Or – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert L. Philippart, 1937 - Cloche d'Or, Hôtels, cafés, restaurants de la Belle Epoque - Luxembourg, 2018, S. 98-99

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. haut: Nationalstrooss 4
  2. fréier N6, haut Chemin repris 186
  3. D'Lëtzebuerger Land vum 9. Februar 1973, Säit 10