Hotel Grand-Chef

Vu Wikipedia
Den Hotel Grand-Chef 2008 vun der Biederstrooss aus gesinn.
Den Hotel Grand-Chef ëm 1913.

Den Hotel Grand-Chef, och Hôtel du Grand-Chef[1], ass e fréieren Hotel an der Biederstrooss (Um Bad, Avenue des Bains) zu Munneref, dee vun 1852 bis Enn 2012 bestanen huet. Ufanks 2013, no der Wanterpaus, huet den Hotel seng Dieren net méi opgemaach.[2]

Geschicht vum Hotel[änneren | Quelltext änneren]

De Bau vum Hotel[änneren | Quelltext änneren]

De Grondstee gouf 1849 geluecht an dräi Joer drop, 1852, huet den Hotel seng Dieren opgemaach. De Grënner[3] war den Hippolyte Trotyanne (1823-1898).

D'Baupläng huet de Trotyanne vum jonken Architekt Charles J. Arendt (1825-1910) realiséiere gelooss, deemools Distriktsarchitekt zu Gréiwemaacher[4], mat dem ausdréckleche Wonsch, sech un den neogotesche Stil vun de loutrengesche Schlässer ze halen. D'Hasteng goufen dowéinst vun Neufchef importéiert. D'Zille goufen an de Munnerëffer Wise geformt a gebrannt, um Lieu-dit "Gebrannte Wues" tëscht Munneref an Elleng.

Déi faarweg Fënsteraarbechten am Trapenhaus goufe vum Meeschter Charles-Laurent Maréchal (1801-1887) an der Glasmanufaktur vu Metz / Champigneulles fabrizéiert. Déi Manufaktur huet deemools zu de beschten a ganz Frankräich gezielt.

D'Baukäschten hunn eng fir deemools astronomesch Zomm vun 300.000 Frang erreecht. Dës Investitioun hat fir Munneref deemools en enormen Impakt, soudatt de Baron Charles-Joseph de Gargan den 20. November 1915 an engem Bréif schreift: « Monsieur Trotyanne mérite bien que son souvenir soit honoré à Mondorf qu'il a soutenu avec tant de dévouement. »

Dem Hippolyte Trotyanne seng Initialen an d'Joreszuel vun der Erëffnung iwwer der Entréesdier vum Hotel

D'Bauaarbechte goufe vum Ingenieur Hartmann geleet. Duerchgefouert goufen d'Aarbechte vum Entreprener Etienne Schleck-Wigreux[5], deen deemools just mat den Aarbechten um Buedhaus fäerdeg gouf. Dem Etienne Schleck seng Famill huet dunn den Hotel vun 1855 bis 1898 gefouert. Den Hippolyte Trotyanne war Bauhär a Besëtzer, huet säin Hotel awer ni selwer gefouert. Fir d'Erëffnung vun der éischter Saison huet hie säin Numm, seng Initialen an d'Joreszuel 1852 iwwer der Haaptdier ameessele gelooss (H. Trotyanne / HT / 1852).

Den Hôtel de l'Europe (Famill Didderich) an de Grand-Chef waren deemools déi eenzeg Hoteler a direkter Noperschaft zum Thermalbad. Zu Munneref am Duerf gouf et 1853 follgend Hoteler: den Hôtel du Nord, den Hôtel de France an den Hôtel des Bains. Zu Altwis gouf et den Hôtel de Luxembourg (Tanson 1981).

Ufank der 1960er Jore gouf en neie Fligel op der Récksäit vum Hotel ugebaut.

De Park vum Hotel[änneren | Quelltext änneren]

No 1886 gouf ronderëm den Hotel e Park no de Pläng vum franséische Landschaftsarchitekt Édouard André, deen och d'Pläng fir de Park vum Thermalbad ugeluecht hat, amenagéiert. Dräi vun deenen ale Beem am Park gehéieren haut zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Park vum Hotel Grand-Chef zu Munneref.

Den Numm Grand-Chef[änneren | Quelltext änneren]

Wéi den Hotel en Numm sollt kréie gouf virgeschloen, en zu Éiere vun der hollännescher Kinnigin "Hôtel de la Reine" ze nennen, wat den Trotyanne op kee Fall wollt, well d'Kinnigin guer net beléift war. Zur selwechter Zäit, wou den Hotel gebaut gouf, ass och de Park vum Thermalbad ugeluecht ginn. Bei deenen Aarbechte gouf am Oktober 1851 op zirka 200 m Distanz vum Hotel e Graf fonnt, an deem e gallo-réimesche Feldhär begruewe war. Et war e groussgewuessene Mann an den Architekt Arendt huet den 21. Oktober 1851 follgende Bericht un d'Société pour la conservation des monuments historiques dans le pays de Luxembourg geschéckt:

« Occupé depuis quelques temps à diriger les travaux préparatifs à la construction d'un hôtel qu'un M. Trotyanne fait élever sur mes plans en ce lieu, je viens d'assister ces jours à la découverte d'une tombe (présumée gauloise) au Aalebierg (Altenberg), sis derrière l'établissement des bains (à 200 m de celui-ci). Le plateau de cette colline est formé d'une couche de terre argileuse qui recouvre une roche minée de calcaire bleu. En y extrayant des pierres pour les fondations, les ouvriers ont trouvé d'abord le fer d'un poignard qui s'est cassé, puis des ossements en majeure partie pétrifiés, et ensuite tous les accessoires d'un guerrier. Le squelette étant couché, les pieds vers l'orient, et n'avait pas moins de six pieds de longueur. A côté de la tête gisait un fragment de calotte en fer, à rebord garni de clous. J'avais de prime abord pris cet objet pour le couronnement d'un casque, mais je suis d'avis aujourd'hui qu'il fit partie du bouclier, au centre duquel il recouvrit et garantit la main de celui qui le tint ».

« Sur la poitrine se trouvaient disposés en forme de croix le glaive et le poignard ou couteau de chasse. Sur les côtés reposait la complète garniture de ceinture et enfin, au bas, près des pieds, se trouvaient placés la lance, deux fragments de javelots et une hache. Les armes sont en fer et fortement altérées par l'oxydation, les poignées (faites sans doute en bois et cuir) y manquent partout. Nulle trace de pièces monnayées ni aucune isncription ne s'est pu rencontrer. »

« On a déterré en sus un briquet, un couteau, le fragment d'une bouteille en verre jaune très mince, et, à quelques pas plus loin, cinq urnes en poterie noire. Ce qui est surtout remarquable dans cette trouvaille, c'est la conservation vraiment étonnante de la garniture de la ceinture. Elle est en argent et ciselée avec goût. La richesse de cette garniture indique assez que celui qui la porta ne fut pas un soldat ordinaire: la position du mort et la présence de la hache parmi les armes me font supposer que le tombeau que nous venons de dépouiller fut celui d'un chef de l'époque gallo-franque. »

Den Trotyanne huet déi wäertvoll Stécker am Hôtel de l'Europe ënnerbruecht, op Dränge vum Architekt Arendt huet hien dunn alles dem Staatsmusée geschenkt. Den Hotel gouf zu gudder Lescht Grand-chef genannt.

De Grand-Chef am Renert[änneren | Quelltext änneren]

"Zum Groussen Helden" heescht den Hotel am Renert vum Michel Rodange, wéi am follgenden Auszug dokumentéiert gëtt:[6]

Mat Wéimern a mat Hipplen
Koum Braun dach endlich drun
Ze triede vir de Kinnek.
De Kinnek rifft en un:

Ass dat de Braun, de braavste
Vu menge Leiden all!
Dat huet gedunn de Renert:
Sai Wierfel ass gefall.

Net heesche wëll ech Kinnek,
Net Kroun nach Sewel dron,
Bis datt dem Fuuss, dem Mierder,
De Kapp ass ofgeschlon.

Här Braun, dir gitt sechs Wochen
No Munrëf an de Bad,
Dann huet ier Haut, ech hoffen,
Sech ganz erëm ersat.

Ech schécken iech méng Doktren:
De Flëpp vum Kuebebuer,
De Miller och vu Miirzeg
An d'Mamer Zockerkur.

A gitt mer an en Hotel,
Wou Häre sinn wi dir,
Wi dat zum Groussen Helden,
Mä d'Käschte loosst der mir!

Sou sot zum Bier de Kinnek;
Nun ass et sécher dach,
De Bier goung net no Munrëf,
En ass keen Dag gewach.

E war ze vill am Äifer,
Da léisst en sech net zëssen,
Wéi all séng Frënn an Noper
Am Préizerdall wuel wëssen.

D'Bedreiwer vum Hotel[änneren | Quelltext änneren]

  • 1854: C. Auburtin
  • 1855 - 1899[7]: D'Famill vum Entreprener Etienne & Jeanette Schleck-Wigreux, deen den Hotel gebaut huet;
  • 1899 - 1915: D'Famill Kohn, déi och den Hotel Elite zu Munneref haten;
  • 1915 - ?: Mme Didderich-Schweitzer, déi Besëtzerin vum Hotel de l'Europe war, huet den Hotel Grand-Chef 1915 kaaft.
  • 19??-1933: Emile Didderich[8] (Fils vun der Mme Didderich-Schweitzer) & Lucie Ludig;
  • 1933 - 1962: Lucie Didderich-Ludig
  • 1962 - 1993: Paul Bosseler (Hoteliersfamill vu Gréiwemaacher) & Valentine Didderich;
  • 1993 - 2012: Emile & Marie-Jeanne Bosseler-Chilin & Jean Bosseler.

Den Hotel am Joer 2012[änneren | Quelltext änneren]

Den Hotel hat 40 Zëmmeren a war domat, zesumme mam Parkhotel, eent vun de groussen Haiser zu Munneref. De Restaurant vum Hotel war nom Grënner benannt (Restaurant Trotyanne), hien hat an den 1950er a 1960er ee Michelin-Stär. Den Hotel war zanter 1978 Member vun der Hotelskette Relais du silence.

Eminent Gäscht[änneren | Quelltext änneren]

De Staatsminister Paul Eyschen op enger Postkaart am Kurpark.
De CECA-President Jean Monnet an der Villa vum Hotel Grand-Chef mat zwou Sekretärinnen an engem Gaascht. Wanter 1952-1953.

Ënner de ville Besicher a Kuriste ware reegelméisseg bekannt Perséinlechkeeten. Vill vun hinnen hunn am Hotel du Grand-Chef gewunnt oder waren do am Kascht. (Thill 1994).

Weider Perséinlechkeeten, déi am Grand-Chef zu Gaascht waren: D'hollännesch Kinniginnen, d'belsch Kinneke Leopold II. a Leopold III., de Fluchkapitän Peter Townsend, d'Geievirtuosen Yehudi Menuhin a Jacques Thibaut, de Willy Brandt als däitschen Ausseminister.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Fernand, 1997. Un hôtel à Mondorf. pp. 213–215 in: Gerges, Martin (éd.), 1997. Mondorf, son passé, son présent, son avenir. Mondorf le Domaine thermal et les éditions Les publications mosellanes. 614 p. Imprimerie Victor Buck. ISBN 2-919975-06-4.
  • Diderrich, Arthur, 1946. Cent ans d'Histoire de la station thermale de Mondorf-Etat. Les cahiers luxembourgeois N° 5/6 (Juni/Juli): 332-348.
  • Tanson, Lé, 1981. Chronik der "Stadt" und Gemeinde Bad Mondorf. Éd.: Administration communale de Mondorf-les-Bains. 414 p.
  • Thill, Norbert, 1993. Mondorf-Bad von Anbeginn. heimat + mission 12: 1-16.
  • Thill, Norbert, 1994a. Aus der Gästechronik des "Hôtel du Grand chef". heimat + mission 3: 33-35.
  • Thill, Norbert, 1994b. Zu Besuch im "Hôtel du Grand chef". heimat + mission 3: 36-48.
  • Wilhelm, Frank. Victor Hugo, curiste à Mondorf-Altwies. In nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Joer 6 (1985) n° 3: 101-130 & Joer 7 (1986) n° 1: 41-78. Luxembourg.

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hotel Grand-Chef – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Follgend Schreifweise vum Numm gi vum Hotel selwer benotzt: "Hôtel Grand Chef", "Hôtel du Grand Chef" an "Hôtel du Grand-Chef". A fréieren Zäiten, sou op enger Postkaart vum Ufank vum 20. Joerhonnert, steet den däitschen Numm "Hôtel zum grossen Helden". Am zweete Weltkrich hunn d'Besatzer den Hotel "Kurhotel zum Grossen Helden" ëmgedeeft.
  2. Websäit vum Hotel Gearchiveerd op 2014-03-04. Gekuckt de(n) 2013-09-18.
  3. Quell fir de Grënner vum Hotel: Affiche am Entréesberäich vum Hotel mat enger Foto vum Buste vum Trotyanne vum Sculpteur Pierre Federspiel.
  4. Eréischt méi spéit gouf de Charles Arendt Staatsarchitekt
  5. Den Etienne Schleck-Wigreux war den Urgrousspapp vum Publizist an Historiker Henri Koch-Kent
  6. Cf. De Renert, 2. Gesank: De Bier als Buet
  7. Nom Doud vum Hippolyte Trotyanne (10. Mee 1898) verkafe seng Ierwen (Familljen Daubree, Baubiet a Chaudru de Raynal) d'Joer drop am Abrëll 1899 den Hôtel du Grand-Chef fir 130000 Frang un de Jules Kohn, den Hotel hat deemools nach 60 Zëmmeren (Tanson 1981). 1895 hat den Hotel nach 100 Zëmmeren (Tanson 1981: 147).
  8. Den Emile Didderich, den 30. September 1933 am Alter vun nëmmen 52 Joer gestuerwen, war e renomméierte Gastronom, en unerkannten Historiker a Schrëftsteller. Hie war Membre-correspondant vum Institut grand-ducal. Säi Brudder war den Historiker Arthur Didderich, ee vun de wéinege Lëtzebuerger, déi mat der franséischer Éierelegioun ausgezeechent goufen.
  9. Déi al Schwämm gouf 1947 zerstéiert
  10. Den Henrion (gestuerwen den 19. Oktober 1916) war zanter 1896 Administrateur-délégué vum Thermalbad.
  11. Den Nicolas Kneip war Paschtouer zu Munneref vun 1890 bis 1905 (Tanson 1981)
  12. De Jacques Marx war zweemol Buergermeeschter vu Munneref: 1.02.1888-1.01.1897 an 1.01.1903-1.01.1915 (Tanson 1981).
  13. 13,0 13,1 Mëndlech Matdeelung vum Jean Bosseler, Juni 2008
  14. Mëndlech Matdeelung. D'Villa gehéiert haut nach zum Hotel Grand-Chef