Op den Inhalt sprangen

Houfeisen

Vu Wikipedia
Zwee Houfeisen.

En Houfeisen oder Huffeisen ass e Stéck Eisen oder anert Metall an der Form vun engem U, am deem kleng Lächer fir Neel sinn. Bestëmmt Houfdéieren, wéi zum Beispill d'Päerd, kréie sou Eisen zum Schutz vun hiren Houf op d'Féiss geneelt. Dee Prozess nennt ee "Beschloen". D'Persoun, déi dat mécht, ass den Houfschmadd.

D'Houfeise verhënneren de virzäitege Verschläiss vum Houf, z. B. wann d'Déiere vum Mënsch als Zuch- oder Reitdéiere gebraucht ginn a déi gefuerdert Ustrengung méi grouss ass wéi ënner natierleche Bedéngungen (generell méi wéi ongeféier 30 km/Dag). Hautdesdags gëtt et nieft den traditionellen Houfeisen, och sougenannt Verbundeisen, déi aus zwou Komponente bestinn, an och Beschléi déi aus Konschtstoff sinn.

Duerch d'Houfeise gëtt de Verschläiss vum Houf reduzéiert an a bestëmmte Fäll kënnen d'Houfeise Gläichgewiichts- oder Fortbeweegungsstéierunge korrigéieren, andeems se d'Kontaktfläch vum Houf mam Buedem veränneren. Si spillen eng orthopeedesch Roll, zum Beispill bei atrophiéierten oder platte Féiss. Wann op rutschegem Terrain zousätzlechen Halt néideg ass da ginn ënnert d'Eise stole Cramponen opgeschrauft.

 Commons: Houfeisen – Biller, Videoen oder Audiodateien