Hubert Bertrang

Vu Wikipedia
Hubert Bertrang
Gebuer 4. Februar 1872
Gestuerwen 15. Juni 1929
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Den Hubert Bertrang, gebuer de 4. Februar[1] 1872 zu Weyer a gestuerwen de 15. Juni 1929 an der Stad Lëtzebuerg[2], war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung[3].

Den H. Bertrang huet zu Nanzeg an zu München Forstwirtschaft studéiert. 1904 ass hien als Accessiste forestier an d'Forstverwaltung komm. Am Joer 1910 gouf hie Garde général. 1920 ass hie Forstinspekter zu Miersch genannt ginn, an den 21. Dezember 1922 gouf hien Direkter vun der Forstverwaltung[4].

De H. Bertrang huet seng Verwaltung an der Chambre d'agriculture, déi 1924 geschaaft gouf, vertrueden. 1928 gouf hie Member vum Conseil supérieur forestier, deen 1927 geschaaft gouf[5]. Hie war Member vum Comité scientifique de l'Institut international de sylviculture à Rome.[2]

Den Hubert Bertrang war och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal; seng Admissioun als Membre agrégé ass an der Sëtzung vum 4. Dezember 1923 proposéiert ginn[6]. An der Reunioun vum 19. Februar 1924 gouf hien definitiv opgeholl[7].

Hie war Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne an Officier vum Ordre du mérite agricole de France[2].

Den Hubert Bertrang war mat der Marie-Anne Pettinger bestuet, déi virun him gestuerwen ass[2]. Hien huet bis zu sengem Doud zu Miersch gewunnt. Do war a sengem Haus den 18. Juni 1929 eng offiziell Läichefeier (cérémonie funèbre), an dono ass hien um Kierfecht vu Bierchem nieft senger Fra begruewe ginn[8].

Dem Hubert Bertrang säin Nofollger un der Spëtz vun der Forstverwaltung war den Albert Augustin, deen de 26. Juni 1929 Direkter gouf.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den Hubert Bertrang ass den Auteur vun enger Rei vu Publikatiounen iwwer Theemen, déi mam Bësch an der Forstwirtschaft ze dinn hunn[9]:

  • Ein Beitrag zur Eichenschälwaldfrage. Diekirch: J. Schroell, 1898. - 150 S.[10]
  • Die Waldungen des Großherzogtums Luxemburg, besonders die Gemeindewaldungen im Lichte der Forstpolitik. Luxemburg: Gustav Soupert, 1907. - 56 S.
  • Die gewerblichen Eigenschasten [sic] der Hölzer. Kurze Zusammenfassung von drei, den Mitgliedern des Handwerkermeisterverbandes in Luxemburg, gehaltenen Vorträgen. Luxemburg: C. Beffort, 1910. - 42 S.
  • Interkommunale Waldungen. Luxemburg: M. Huss, 1914. - 8 S.
  • Aus heimatlichen Wäldern. Mersch: Fr. Faber, 1933. - 113 S. (posthum).[11]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, XXXIII-756 S.
  • Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.[2]
  • Augustin, A., 1929. Rede, die Herr Forstinspektor Augustin aus Anlaß des Begräbnisses des Herrn Forstdirektor Hub. Bertrang hielt. In: Luxemburger Wort 1929-06-26, S. 3, Nr. 177 (Mersch, 25. Juni).
  • Sandra Schmit, 2015. Hubert Bertrang. Luxemburger Autorenlexikon. [3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gemeng Fëschbech, Gebuerteregëster 1872, Nr. 8. – Den Augustin (1929) an de Wolter (2015, S. 181), schreiwen iertemlecherweis: 6. Februar; de Blum (1981, S. 59) verwiesselt den Datum vum Akt (7. Februar) mam Gebuertsdatum.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Luxemburger Wort 1929-06-17, S. 5, Nr. 168 (avis mortuaire).
  3. Wolter 2015, S. 181.
  4. Augustin 1929, LW 1923-01-01: 3, Nr. 1/2 (Forstverwaltung).
  5. Mémorial 1928, N° 14, S. 346 (Arrêté du 20 mars 1928, portant désignation des membres du Conseil supérieur forestier).[1]
  6. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 8 (1917-1924), S. 36.
  7. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 9 (1925), S. 10.
  8. Escher Tageblatt 1929-06-18: 4, Nr. 175 (Luxemburg. 18. Juni. Sterbefall); Luxemburger Wort 1929-06-19: 4, Nr. 170 (Mersch, 19. Juni).
  9. Blum 1981, S. 59; Schmit 2015
  10. Véier Deeler vun zesummen 150 Säiten. – Kuck: Blum 1981, S. 59.
  11. Jonghemecht 1933, Nr. 7-8 (Sept.-Oktober): 256 (Neuerscheinungen)