Op den Inhalt sprangen

Hubert Loser

Vu Wikipedia
Hubert Loser
Gebuer 8. Mee 1783
Rouspert
Gestuerwen 13. Mee 1868
Rouspert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Grondbesëtzer
Member vun Assemblée constituante vun 1848

Den Hubert Loser, gebuer den 8. Mee 1783 zu Rouspert, an do gestuerwen den 13. Mee 1868, war e lëtzebuergesche Grondbesëtzer a Politiker.

Den Hubert Loser war de Proprietär vum Irminenhaff zu Rouspert. Hie war Buergermeeschter vun der Gemeng Rouspert vun 1808 u bis zu sengem Doud am Joer 1868. Bei de Wale fir d'Assemblée constituante vum 19. Abrëll 1848 gouf hien als ee vun de Vertrieder vum Kanton Iechternach gewielt. Dës Assemblée huet vun Abrëll bis Juli 1848 siegéiert.

Den Hubert Loser huet sech am Januar 1811 zu Diddenuewen mat der Marie Antoinette Mathieu (1788-1878) bestuet. Hier Duechter Marie Loser (1828-1919), déi sech 1850 mam John Thomas Tudor bestuet huet, war d'Mamm vum Henri Owen Tudor (1859-1928).

Referenzen

[Quelltext änneren]
    • Massard, J. A. 2025. Tragisches Ende einer religiösen Feier: Am 13. Mai 1832 ertrinken neun Menschen zwischen Ralingen und Rosport in der Sauer. Gemeng Rouspert-Mompech (Hrsg.), S. 18-19. PDF