Hugenottesprangbur zu Erlangen

Vu Wikipedia
Den Hugenottesprangbur

Den Hugenottesprangbur am Schlassgaart zu Erlangen steet an engem ovale Sprangburbaseng vun 29 op 19,5 Meter.

De Sprangbur gouf 1706 ënner der Maarkgräfin Elisabeth Sophie vum Bayreuther Haffskulpteur Elias Räntz fäerdeggestallt, dee sech an enger vun de sëllege Figuren, déi um Sprangbur ze fanne sinn, veréiwegt huet. Den Opbau stellt e Fielsebierg duer, deen an dräi Niveauën opgedeelt ass. Deen ënneschte weist Membere vun räichen Hugenottefamilljen. Deen an der Mëtt weist Gëtter aus der Antiquitéit, an iwwer deem Ganze steet de Maarkgrof Christian Ernst. Op de Kartuschen, déi an déi véier Himmelriichtunge weisen, stoungen Texter mat Luefspréch op de Maarkgrof. Déi Texter sinn am Laf vun der Zäit verschwonnen, well de Buer aus Sandsteen ass, a vill ënner der Witterung gelidden huet. 1999 gouf de Sprangbur renovéiert.

D'Waasser fir de Sprangbur koum aus dem barocke Waassertuerm, dee säi Waasser vun der Regnitz, engem Niewefloss vum Main krut, dat vun der Thalermühle eropgepompelt gouf.

E Lach am Sprangbur erlaabt eng Vue op eng Reiderskulptur, déi de Maargrof héich zu Päerd weist, an déi den Elias Räntz 1711/12 aus engem eenzege Sandsteeblock geklappt hat.