Hugues Le Gallais

Vu Wikipedia
Hugues Le Gallais
Gebuer 15. Mee 1896
Dummeldeng
Gestuerwen 23. Dezember 1964
Venedeg
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck,
ETH Zürich
Aktivitéit Diplomat
Famill
Bestuet mat Pisana Velluti
Papp Norbert Le Gallais
Mamm Juliette Metz

De Gustave Émile Augustin Hugues Le Gallais, gebuer zu Dummeldeng, de 15. Mee 1896, a gestuerwen zu Venedeg, den 23. Dezember 1964, war ee lëtzebuergeschen Diplomat dee besonnesch am Kontext vum Zweete Weltkrich eng wichteg Roll fir de Grand-Duché als Ambassadeur zu Washington gespillt huet.

Liewenslaf a Karriär

Den Hugues Le Gallais war dat éischt Kand vun der Koppel Norbert Le Gallais - Juliette Metz. Säin Dafpätter war den Auguste Collart, a seng Giedel war d'Léonie de Mathelin, Fra vum Industrielle Gustave Metz. D'Famill Le Gallais war staark mat der lëtzebuergescher Industrie verbonnen, besonnesch mat der Siderurgie.

No sengem Secondaire zu Bréissel, wou en an engem Internat war, huet den Hugues Le Gallais op der Universitéit vu Léck an tëscht 1914 an 1918 op der ETH vun Zürich weiderstudéiert. Kuerz duerno ass hien an den Déngscht vun der Columeta, dem Verkafsbureau, deen d'ARBED 1919/20 gegrënnt hat, agetrueden an hien huet deen am Ufank zu Paräis (1919-1920) an zu London (1921-1922) vertrueden. 1923 huet d'ARBED hien zu Saarbrécken beschäftegt, zu enger Zäit, an där d'Saargebitt ënner franséischer Kontroll stoung. Weider Statioune vu senger Carrière waren, ëmmer am Déngscht vun der Columeta: Tokyo (1924), Lëtzebuerg (1925), Bombay (1926), erëm Tokyo, wou en dunn Direkter war (1927-1936), an nees Lëtzebuerg, wou e responsabel fir den Export vun den Eisebunnsschinne war (1937-1939).

Wärend engem Openthalt zu Venedeg hat hie seng Fra, d'Pisana Velluti (* 28. Januar 1900), kenne geléiert an de 6. November 1933 an der Kierch Santa Maria dei Carmini bestuet. D'Koppel krut 1934 ee Jong, deen no sengem Grousspapp de Virnumm Norbert krut.

Vum dem Februar 1939 bis zu sengem Doud war den Hugues Le Gallais Chambellan (Kummerhär) vun der Grande-Duchesse Charlotte.

Vu Jonktem u war den Hugues Le Gallais u Konscht, a besonnesch un asiatescher (fernëstlecher) Konscht intresséiert (Japan, China, Tibet...). A Japan huet hien eifreg gesammelt, a wéi en no ronn zéng Joer - mat 39 grousse Këschten - vun Tokyo nees heem koum, huet hie sech ëmmer rëm mat senger grousser Sammlung beschäftegt. Um professionnelle Plang koum e geschwënn an den Déngscht vum Ausseminister Joseph Bech. Wéi Lëtzebuerg wollt e feste Chargé d'affaires an de Vereenegte Staaten hunn, huet den Ausseministère am Februar 1940 eng Demande d'agrément un d'amerikanesch Autoritéite geriicht, an den Hugues Le Gallais gouf, wéi s'accordéiert war, op déi Plaz genannt.

Den Hugues Le Gallais a seng Fra sinn dunn nodeems hien den 29. Februar säin Diplomatevisa kritt hat, den 20. Mäerz vu Genua aus op der Conte di Savoia, an Amerika gefuer a sinn Enn Mäerz zu Washington ukomm. Do huet den Hugues Le Gallais déi lëtzebuergesch Legatioun am Shoreham Hotel ageriicht, ee konfortablen Hotel an deem vill amerikanesch Politiker ëmmer nees an- an ausgaange sinn a wou een deemno intressant Relatioune konnt knëppen. Den 3. Abrëll huet déi lëtzebuergsch Legatioun dunn hir Aarbecht opgeholl.

Den 2. Oktober 1940 gouf den Hugues Le Gallais zum Ministre plénipotentiaire befërdert, an den 8. November huet en dem amerikanesche President seng Lettres de créance iwwerreecht. D'Presenz vun engem permanente Vertrieder an den USA sollt sech bal als eng wichtig Tromp erweisen: ouni festen diplomatesche Vertrieder hätt déi lëtzebuergesch Exilregierung tëscht 1940 an 1945 keng Méiglechkeet gehat, verschidden Dieren opzekréien, Kontakter ze knëppen, d'Interesse vum Grand-Duché ze verdeedegen oder eventuell Rotschléi anzehuelen. Den Hugues Le Gallais, mat senger Erzéiung, senger Auslandserfarung, senge Bezéiungen an Handel an Industrie a sengem direkten Drot zum groussherzoglechen Haff, war de richtege Mann op der richteger Plaz.

D'Delegatioun vu Lëtzebuerg zu Washington gouf am Mäerz 1941 op der Nummer 2200 an der Massachusetts Avenue nei ageriicht. Den 10. September 1955 gouf s'an de Rang vun Ambassade erhuewen.

No 1945, wéi d'Welt sech nei opgestallt huet, mam Benelux, mat der UNO, mam Marshall-Plang, mam Ufank vum Kale Krich, mam Bréisseler Pakt a mam Atlantik-Pakt, respektiv mat der NATO, mam Koreakrich, un deem zwee lëtzebuergesch Contingenter deelgeholl hunn, mat der progressiver Entwécklung vun der Europäescher Communautéit, asw., huet den Hugues Le Gallais de Grand-Duché mat groussem Engagement bei den amerikaneschen Autoritéite vertrueden, respektiv erkläert a verdeedegt, dat bis 1958.

Den 11. Mäerz 1948 gouf den Hugues Le Gallais och als ausseruerdentleche Gesandten a Ministre plénipotentiaire a Mexiko accreditéiert, an de 24. Abrëll 1948 a Kanada.

Den Hugues Le Gallais huet seng Ambassade de 5. Mee 1958 verlooss, an den 30. September 1958 huet hien e Schlussstréch ënner seng diplomatesch Carrière gezunn. Deemools ass och de Corps diplomatique vum Grand-Duché nei organiséiert ginn.

Säi Liewensowend huet den Hugues Le Gallais haaptsächlech zu Venedeg verbruecht, wou en och gestuerwen ass. Hie gouf am Familjegraf vu senger Fra zu Susegana, an der Gemeng Treviso (eng ronn 50 km nërdlech vu Venedeg), begruewen.

Auszeechnungen

  • Grand officier de l'Ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (1960)
  • Grand officier de l'Ordre de la Couronne de Chêne
  • Grand-croix de l'Ordre de Léopold II de Belgique
  • Grand-croix de l'Ordre d'Orange-Nassau
  • Grand officier de l'Ordre de la Couronne de Thaïlande (1960)

Literatur

  • Paul Schmit, Un diplomate luxembourgeois hors pair - L'ambassadeur Hugues Le Gallais dans la tourmente de la Seconde Guerre mondiale; Lëtzebuerg (Saint-Paul), 2019; 464 S. (ill.); ISBN 978-99959-2-047-0