Humboldt-Universität zu Berlin

Vu Wikipedia
Humboldt-Universität zu Berlin
Humboldt-Universität zu Berlin (HU Berlin)
Typ staatlech Fuerschungsuniversitéit
Land Däitschland
Uertschaft Berlin
Schülerzuel 36.378
  2021
Gegrënnt 16. August 1809
Grënner Wilhelm von Humboldt
Genannt no Wilhelm von Humboldt, Alexander von Humboldt
Um Spaweck https://www.hu-berlin.de/

D'Berliner Humboldt-Universitéit (op Däitsch: Humboldt-Universität zu Berlin, kuerz: HU Berlin), ass déi eelst a gläichzäiteg déi zweetgréisst Universitéit zu Berlin. Hiren Haaptsëtz huet se an der Strooss Unter den Linden. De Virgänger vun der Humboldt Universitéit (Alma Mater Berolinensis) huet 1810 ugefaangen z'ënnerriichten.

Déi verschidden Nimm[änneren | Quelltext änneren]

De 16. August 1809 huet de praisesche Kinnek Friedrich Wilhelm III. op Initiativ vum liberale Bildungsreformer Wilhelm von Humboldt eng Universitéit zu Berlin gegrënnt. 1810 huet d'Berliner Universität ("Alma Mater Berolinensis") ugefaange Studenten z'ënnerriichten. Vun 1828 bis 1945 huet se Friedrich-Wilhelms-Universität geheescht. 1949 ass se dunn Humboldt-Universität zu Berlin genannt ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

1810 huet déi deemoleg Berliner Universitéit mat 256 Studenten an 52 Professeren ugefaangen, z'ënnerriichten. D'Fächer waren a verschidde Fakultéiten ënnerdeelt. Dat ware Jura, Medezin, Philosophie an Theologie. Naturwëssenschafte waren z. B. en Deel vun der Philosophescher Fakultéit. Den éischten Direkter war den Theodor Schmalz.

Fir d'Grënnung vun der Universitéit gounge virun allem wesentlech Impulser vu bedeitende Wëssenschaftler aus. Haaptsächlech awer vum Theolog Friedrich Schleiermacher an dem Philosoph Johann Gottlieb Fichte.

Dem Wilhelm von Humboldt säin héchst Zil war et, en neit Bildungssystem an Däitschland anzeféieren.

Berüümt Studente vun der Universitéit[änneren | Quelltext änneren]

Virun allem Naturwëssenschaftler si bekannt ginn. Dat war an der Chimie den August Wilhelm von Hofmann. An der Physik den Hermann von Helmholtz. Bei de Mathematiker sinn et der e puer méi ginn: den Ernst Eduard Kummer, de Leopold Kronecker, de Karl Weierstraß. An der Medezin war et de Johannes Peter Müller, den Albrecht von Graefe, de Rudolf Virchow an de Robert Koch.

Studentinnen[änneren | Quelltext änneren]

1908 kruten d'Fraen d'Recht studéieren ze goen. Virdru sinn et just e puer Eenzelfäll ginn, Doktorantinne mat enger Ausnamegenehmegung. Déi éischt Fra, déi do studéiert huet, war d'Elsa Neumann, an zwar an der Physik 1899. Déi éischt Professorin, déi un der Uni dozéiert huet, war d'Mikrobiologin Lydia Rabinowitsch-Kempner.

No 1945[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zweete Weltkrich ass d'Universitéit erëm nei opgaangen, am Ufank awer nëmmen mat 7 Fakultéiten, vun deenen der nach eng Rei an zum Deel vum Krich zerstéierte Gebaier ënnerbruecht waren. Fir de politesch a rassistesch verfollegte jonke Leit eng Chance ze ginn, gouf eng Firstudienustallt ageriicht. Déi Leit hate wärend dem Nationalsozialismus keng Méiglechkeet sech weider ze bilden.

D'Opsplécke vun der Universitéit[änneren | Quelltext änneren]

De kommunisteschen Afloss gouf méi grouss. Et si Studenteprotester entstanen. Verschidde Schüler goufen dunn vun der sowjetescher Geheimpolice matgeholl. Duerch d'Deelung vu Berlin huet sech d'Uni dauerhaft an zwou separat Unie gedeelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Humboldt-Universität Berlin – Biller, Videoen oder Audiodateien