Op den Inhalt sprangen

Huthi

Vu Wikipedia
Den Territoire dee vun den Huthi-Rebelle kontrolléiert gëtt (gréng).

D'Huthi-Rebellen (vum arabeschen الحوثيون al-Ḥūṯiyyūn) sinn eng schiittesch-politesch a militäresch Beweegung am Jemen, déi sech selwer als Ansar Allah (أنصار الله anṣār allāh) bezeechent.

D'Huthi sinn an de 1990er Joren am Norde vum Land entstanen, virun allem an der Provënz Saada, an hunn hir Wuerzelen an der zaiditescher Stréimung vum schiitteschen Islam. Den Numm „Huthi“ geet zeréck op d'Famill al-Huthi, besonnesch op de Geeschtlechen Hussein Badreddin al-Houthi, deen d'Beweegung gegrënnt huet. D'Huthi-Beweegung huet ursprénglech als reliéis a sozial Reformbeweegung ugefaangen, huet sech awer no gewaltsame Konflikter mat der jemenittescher Zentralregierung an den 2000er Joren zu enger bewaffenter Oppositiounsgrupp entwéckelt. Am Joer 2014 hunn d'Huthi-Rebellen d'Haaptstad Sanaa ënner hir Kontroll bruecht, wat zu enger Eskalatioun vum jemenittesche Biergerkrich gefouert huet.[1] Zënter 2015 intervenéiert eng militäresch Koalitioun ënner der Féierung vu Saudi-Arabien am Konflikt. De Konflikt tëscht den Huthi, der international unerkannter jemenittescher Regierung an anere bewaffente Gruppen huet eng schwéier humanitär Kris am Jemen ausgeléist an zielt zu de gréisste Krise weltwäit am 21. Joerhonnert.[2]

D'Huthi-Rebelle sinn en Deel vun der Achs vum Widderstand, déi vum Iran finanzéiert gëtt.

 Commons: Huthi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) Houthi Movement. www.britannica.com. Gekuckt de 04.03.2026.
  2. (en) Yemen crisis | UNICEF. www.unicef.org. Gekuckt de 04.03.2026.