Hyperbar-Sauerstofftherapie
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |

D'Hyperbar-Sauerstofftherapie (kuerz: HBO oder OHB)[1] ass eng medezinesch Behandlung an enger Drockkummer, an där de Patient ënner erhéichtem Drock rénge Sauerstoff anotemt.
Den Drock läit bei dem 2- bis 3-fache vum normalen Drock vun der Atmosphär vun der Äerd. Doduerch gëtt de Sauerstoffgehalt am Blutt an am Tissu däitlech erhéicht.[2]
Drockkummer
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'Therapie duerchzeféieren, brauch een eng speziell Dekompressiounskummer, eng Hyperbar-Sauerstofftherapie-Drockkummer, an déi de Patient sech sëtzt oder leet. Jee no Kummer ass Plaz fir eng oder méi Persounen. Da gëtt den Drock lues erhéicht. De Patient kritt Sauerstoff iwwer eng Mask zougefouert.
Eng Sëtzung dauert allgemeng tëscht 60 an 120 Minutten. Je no Besoin si méi wéi eng Sëtzung néideg.
Déi eenzeg vun deene Kummeren zu Lëtzebuerg steet am Centre national d’oxygénothérapie hyperbare am Centre hospitalier Émile-Mayrisch zu Esch. Se faasst entweder sechs Persounen, déi sëtzen, oder dräi Persounen, déi leien.[3]
Prinzip
[änneren | Quelltext änneren]Ënner dem méi héijen Drock hëlt de Kierper wesentlech méi Sauerstoff op wéi beim normalen Ootmen. Et léist sech also däitlech méi Sauerstoff direkt am Bluttplasma. Doduerch ka méi Sauerstoff an den Tissu transportéiert ginn, och op Plaze mat ageschränkter Duerchbluddung. Dat kann d'Bildung vun neie Bluttgefäässer fërderen an doduerch d'Sauerstoffversuergung vum geschiedegten Tissu verbesseren.
D'Therapie huet och eng antibakteriell Wierkung, well en de Wuesstem vu bestëmmte Bakterien hemmt. Si reduzéiert donieft Entzündungen a Schwellungen.[4][5]
Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]D'Hyperbar-Sauerstofftherapie gëtt bei verschiddenen Erkrankungen agesat, zum Beispill bei enger Kuelemonoxid-Vergëftung oder bei der Dekompressiounskrankheet, déi duerch eng ze séier Drockentlaaschtung beim Opdauche vun Daucher entsteet. Och bei schwéieren Duerchbluddungsstéierungen vu den Extremitéiten oder vu Wonnen, déi schlecht heelen (zum Beispill als Folleg vum Diabetes), a bei der Behandlung vu schwéiere Verbrennungen an vun akutem Tinnitus kënnt déi Therapie zum Asaz.[4][5]
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Op Däitsch och nach Hyperbare Oxygenierung; op Franséisch oxygénothérapie hyperbare)
- ↑ (en) Hyperbaric oxygen therapy. mayoclinic.org (6. Dezember 2024). Gekuckt de 24. Juli 2026.
- ↑ (fr) Morgan Kervestin, Caisson hyperbare du CHEM : «Un des plus modernes du monde». lequotidien.lu (4. Januar 2026). Gekuckt de 24. Juli 2026.
- 1 2 (de) Hyperbare Sauerstofftherapie (HBO). uniklinik-duesseldorf.de. Gekuckt de 24. Juli 2026.
- 1 2 (de) Hyperbare Sauerstofftherapie - Frischluftkur für die Zellen. krankenkasseninfo.de (24. November 2025). Gekuckt de 24. Juli 2026.