Hypokaustum

Vu Wikipedia
Modell vun engem réimesche Buedhaus (Therme) mat Foussbuedemheizung. Lénks am Bild befënnt sech dat eigentlecht Buedhaus, riets am Bild deen ugeglidderten Heizraum. De Buedem ass zur besserer Visibilitéit deelweis opgeschnidden (Réimerkastell Saalburg)

En Hypokaustum oder Hypokaust (griech. hypokauston = „vun ënnen hëtzen“) ass eng Waarmloftheizung (Hypokaustenheizung), bei där e massive Kierper mat waarmer Loft duerchstréimt gëtt, déi awer am Vergläich zu engem Heizkierper eng méi niddreg Uewerflächentemperatur huet. Als massive Baudeel fir d'Hëtzt ze späichere gi virun allem Foussbiedem oder Wänn agesat, awer och massiv Sëtzbänken oder aner Baudeeler.

Dës Form vun enger Waarmloftheizung staamt aus der réimescher Antiquitéit a gouf fir d'éischt nëmmen an Thermen, spéider da generell a réimeschen Haiser agesat.

Antik Konstruktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Konstruktioun besteet aus engem Brennuewen (lat. praefurnium), engem Heizraum deen ënner dem Foussbuedem läit (lat. hypocaustum) an Ofzich fir déi waarm Loft an d'Ofgasen. Den Uewe louch meeschtens am Fräien. Den Heizraum huet aus 30 bis 60 cm héije quadrateschen oder ronnen Zillentiermercher am Ofstand vun 30 bis 40 cm bestanen, op deenen als éischt eng Ofdeckplack louch. Op dëser Plack louch déi grouss Plack déi d'Chape gedroen huet. Déi ganz Konstruktioun vum Foussbuedem war zirka 10 bis 12 cm déck an huet mindestens e puer Stonnen, wa net souguer ee bis zwéin Deeg gebraucht, bis e komplett duerchwiermt war. Vum Heizraum ënner deem gehëtzte Raum ass d'Loft dann a Wandkanäl (tubuli) gestréimt an huet op déi Manéier och d'Wänn gehëtzt. Eréischt duerno ass d'Loft no bausse gaangen.

Hypokausten haten en ausgesprachen héijen Energieverbrauch, sou datt d'Archeologen haut dovun ausginn, datt wärend der spéider réimescher Besiidlung am Ëmfeld vu Siidlungen d'Bëscher ofgeholzt goufe well d'Holz gebraucht gouf fir ze hëtzen.

Eng Weiderentwécklung fir Baute mat relativ klengem Besoin un Hëtzt ass déi réimesch Kanalheizung.

Modern Konstruktioun[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags versteet een ënner enger Hypokaustheizung am Prinzip dat selwecht wéi fréier. D'Loft gëtt awer net ëmmer duerch en Uewen erhëtzt, mä och duerch Solarenergie, z. B. Loftkollektoren. Modern Hypokauste gi beispillsweis als Réier a Plaffongen abëtonéiert oder direkt als Kalleksandsteewand gebaut.

Hypokauste ginn als alternativ Heizung gebraucht. Déi hu méi eng grouss Uewerfläch wéi e Stand-Heizkierper an doduerch brauche se fir déi selwecht Raumtemperatur méi eng kleng Uewerflächentemperatur (zirka 30 Grad Celsius), wouduerch et manner Konvektioun gëtt. Dëst "méi roueg" Zëmmerklima gëtt als méi agreabel gespiert an d'Raumloft dréchent manner aus.

Zanter fréier an ëmmer nach aktuell ass déi koreanesch Ondolheizung déi eng änlech Zort vu Foussbuedemheizung ass wéi en Hypokaustum.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joachim Brück, Geschichte und Architektur des römischen Bades von Borg. In: Auguste V.B.Miron/Andrei Miron (Hrsg.), Das Badgebäude der römischen Villa Borg, Merzig 1997, S.48-75, ISBN 3-923754-32-9
  • Gustav Fusch, Über Hypokausten-Heizungen und mittelalterliche Heizanlagen, Hannover 1910.
  • Hans Christian Grassmann, Die Funktion von Hypokausten und Tubuli in antiken römischen Bauten, insbesondere in Thermen-Erklärungen und Berechnungen, Arceopress, Oxford 2011, ISBN 978-1-4073-0892-0
  • Fritz Kretzschmer, Hypokausten. In: Hans Schönberger (Hrsg.), Saalburg Jahrbuch 12, 1953, S.8-41.
  • Hannes Lehar, Die römische Hypokaustheizug-Berechnungen und Überlegungen zu Leistung, Aufbau und Funktion. Shacker, Aachen 2012, ISBN 978-3-8440-0796-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hypokaustum – Biller, Videoen oder Audiodateien