Hysteresch Perséinlechkeet
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi hysteresch Perséinlechkeet ass eng speziell Form vu Péerséinlechkeetsstéierung, bei där den Uschäin eng iwwerbetounte Roll spillt.
Am Fall vun enger hysterescher Perséinlechkeet huet déi Persoun d'Bedierfnes am Mëttelpunkt ze stoen, et ka kaschte, wat et wëll, a sief et mat Hëllef vun engem abnorme Behuelen. Nom Karl Jaspers geet et drëm, viru sech selwer a virun deenen anere méi e groussen Uschäin ze hunn, wéi et a Wierklechkeet ass, a méi z'erliewen, wéi déi Persoun verschaffe kann. An der Plaz vun engem echten Erliewen mat engem natierlechen Ausdrock kënnt et zu engem "gemaachten", "gespillten" Erliewen. Dobäi spillt dat besonnescht Talent vun der hysterescher Persoun, "ganz am eegenen Theater ze liewen" (Jaspers). Mat der Zäit verléiert den Hysteriker d'Bewosstsinn vu senger eegener Realitéit. Hir eege Fantasie gëtt hinnen hir Realitéit.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Sigm. Freud: Studien über Hysterie in Gesammelte Werke, BandI Werke aus den Jahren 1892-1899, Säit 75ff., S. Fischer Verlag, 1952, 2. Oplo 1964
- Karl Jaspers: Allgemeine Psychopathologie, Springer-Verlag, Berlin, Heidelberg, New York, 1923, 9. onverännert Oplo 1973, besonnesch S. 370ff.
- Walter Schulte - Rainer Tölle: Psychiatrie, Springer-Verlag, Berlin, Heidelberg, New York, 1971, 5. iwwerschafften a komplettéiert Oplo 1979, S. 98ff.