Hämmelsmarsch-Buer

Vu Wikipedia
Hämmelsmarsch-Buer
Zenséiert Bild vum Hämmelsmarsch-Buer, wéinst dem Gesetz iwwert d'Droits d'auteur zu Lëtzebuerg
Typ Sprangbuer,
Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Roude Pëtz, Groussgaass (Stad Lëtzebuerg)
Koordinaten 49°36'42,692"N, 6°7'52,237"O
Ageweit August 1982
Material Bronz, Granit
Kënschtler Wil Lofy
Zu Éiere vun Hämmelsmarsch

Den Hämmelsmarsch-Buer ass e Buer um Roude Pëtz an der Stad, deen 1981/82 vum Wil Lofy sculptéiert gouf.

De Buer setzt sech aus engem sechseckege Baseng aus rosaem Granit an engem sechseckege Sockel zesummen, op deem eng bronze Skulptur steet. D'Skulptur besteet aus enger Figuregrupp - 4 Museker, 5 Schof an 2 Kanner - déi en Hämmelsmarsch duerstellen. Op enger Säit vum Sockel steet dann och als Explikatioun: "Hämmelsmarsch - cortège folklorique formé le jour de kermesse". Aus den Instrumenter drëpst, resp. sprutzt Waasser an de Baseng ronderëm.

De Kënschtler huet sech selwer an enger vun de Figuren, dem Akkordeonist, veréiwegt.

De Buer deen zu Pietrasanta bei Carrara an Italie gegoss gouf, ass Enn August 1982, mat der Ouverture vun der Schueberfouer, ageweit ginn[1].

Déi ursprénglech donkelbrong a goldfaarweg Patina ass iwwert d'Joerzéngte komplett verwittert an duerch d'Oxidatioun vum Koffer an der Bronze-Legéierung vun enger Schicht Gréngespoun iwwerzunn. Do dernieft gëtt et och Kallekoflagerung do wou d'Waasser aus den Instrumenter sprutzt. Fir d'Skulptur nees an d'Rei ze bréngen, gouf s'Enn Oktober 2023 ewechgeholl, fir datt s'am franséischen Atelier Fonderie de Coubertin zu Saint-Rémy-lès-Chevreuse restauréiert ka ginn[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hämmelsmarsch-Buer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell vum Artikel: kuckt Isabelle Yegles a Rolphe Ketter Um Spaweck
  2. (de)Restaurierung der Skulptur „Hämmelmarsch“ von Wil Lofy | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-18.