Hëllef:Jargon

Vu Wikipedia

Dës Säit soll Iech en Iwwerbléck iwwer de gängege Wikipedia-Jargon ginn, deen dagdeeglech vun de Wikipedianer benotzt gëtt. Ofkierzungen, déi virun allem am Resumé nom Ännere vun engem Artikel benotzt ginn, sinn ënner Resumé erkläert. Zousätzlech kënne mir Iech op d'Lëscht vun den Ofkierzungen (Netzjargon) hiweisen.

Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z

Administrateur: Mat Administrateur ginn déi Leit bezeechent, déi eng Säit definitiv läschen oder blockéiere kënnen an och anonym a registréiert Benotzer blockéiere kënnen, wann et noutwenneg ass. Jiddwereen, deen zanter enger Zäitchen u Wikipedia matgeschafft huet, kann Administrateur ginn, de Fall gesat et gëtt keng legitim Oppositioun. Liest heizou och Wikipedia:Administrateuren.

Artikel: Mat Artikel menge mer eng Wikipedia-Säit, déi enger enzyklopedescher Entrée entsprécht. Dovun ausgeschloss sinn de Moment zum Beispill d'Wikipedia-Säite mat gréngem Hannergrond (am Monobook Stil) asw.

Änneren: Wa mer Artikelen änneren, editéiere mer se (engl. to edit). Dëst beinhalt souwuel eng einfach Ännerung, andeems der méi Informatiounen dozou bäidrot oder eppes verbessert, oder awer och, wann der e ganz neien Artikel opsetze wëllt.

Bot: D'Wuert Bot kënnt vum Wuert Roboter. Am Kader vu Wikipedia sinn dëst kleng automatesch Programmer fir d'Kreatioun oder d'Mise à jour vu Säiten. Liest heizou och Wikipedia:Bot.

Editeur: Vum engleschen editor ass den Editeur deejéinegen, deen um Artikel schafft. Am Allgemenge bezeechne mer eis "Mataarbechter" als Wikipedianer.

Gewënscht Säiten: D'gewënscht Säite sinn eng Rubrik vun de Spezialsäiten, déi automatesch generéiert gëtt. De System kuckt einfach, op wéi een Titel vun engem Artikel, deen et nach net gëtt, déi meescht Linken hiweisen, a rechent sech dann eng Tabell aus, déi der hei Spezial:Gewënscht Säiten kucke kënnt.

GFDL: GFDL steet fir GNU Free Documentation License. Dat ass d'Lizenz, ënner där an der Wikipedia Artikelen, Biller asw. verëffentlecht ginn. Fir méi Informatiounen, kuckt d'Artikele Wikipedia:Copyright a GFDL.

Historique: Den Historique ass d'Gesamtheet vun den Ännerunge vun enger Säit, déi all Mënsch nokucke kann. Domat kënnt Dir d'Evolutioun vun enger Säit matverfollegen, vum Ufank bis zur leschter Ännerung. Den Historique erlaabt et och am Fall vu Vandalismus eng fréier Versioun vun enger Säit erëm hierzestellen, andeems een déi lescht valabel Versioun vun der Säit opmécht an nach eng Kéier frësch ofspäichert.

Interwiki-Linken (en, fr, de...): Dës Ofkierzunge sti fir déi aner Wikipediaen an anere Sproochen. Benotzt gi se net nëmmen am Numm vun der Wikipedia (lb.wikipedia.org), mä och bei de sougenannten Interwiki-Linken. Dës zwee Buschtawen entspriechen dem internationale Sproochecode no der ISO 639 Norm. Um Site https://www.loc.gov/standards/iso639-2/ fannt Dir eng komplett Lëscht.

E puer Beispiller: en = "Englesch" - fr = "Franséisch" - de = "Däitsch" - ja = "Japanesch" - lb = "Lëtzebuergesch" - nl = "Hollännesch" asw.

Kuerz Artikelen: Kuerz Artikele sinn, wéi den Numm et scho seet, net extrem laang, mä awer laang genuch fir iwwer dem Stadium vun enger Skizz ze stoen. Eng Lëscht vun de kuerzen Artikelen, déi och zu de Spezialsäiten gehéiert, an eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner Spezial:Kuerz Säiten.

Laang Artikelen: Wéi den Numm et scho seet, si laang Artikelen Artikele vun enger gewësser Gréisst. D'Lëscht vun dësen Artikelen, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner Spezial:Laang Säiten.

NPOV: NPOV steet fir Neutral Point Of View, also en neutrale Point de vue. Wat genee fir Wikipedia dorënner ze verstoen ass, liest dir am beschten am Artikel Wikipedia:Neutralitéit.

Réckgängeg maachen: Mat der Funktioun réckgängeg maachen ass et méiglech, en Artikel op eng fréier Versioun am Historique zréckzesetzen, obwuel méi eng rezent besteet. Dëst geschitt meeschtens a Fäll vu Vandalismus.

Rezent Ännerungen: D'rezent Ännerunge sinn eng vum System generéiert Lëscht, wou der déi lescht Ännerungen un der lëtzebuergescher Wikipedia nokucke kënnt. Dës Lëscht fannt Dir am Menü op der lénkser Säit oder andeems Dir direkt heihi klickt: Spezial:Rezent Ännerungen.

Sakgaassesäiten: Sakgaassesäiten sinn Artikelen, déi néierens hiféieren. Dëst geschitt entweder doduerch, datt all d'Linken am Artikel nach rout sinn, et déi Artikelen also net gëtt, an dee Moment d'Linken néierens landen. En anere Fall ass, wann et am Artikel selwer guer keng Linke gëtt. Wann also e Lieser op eng Sakgaassesäit geréit, kënnt e vun do bei senger Wanderung net méi weider. D'Lëscht vun dësen Artikelen, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner Spezial:Sakgaassesäit.

Säit réckelen: Eigentlech ass mat réckele gemengt, datt d'Säit ëmbenannt gëtt. Praktesch gesäit dëst sou aus, datt alles vun der aler Säit op eng nei Säit mat neiem Numm eriwwergeholl gëtt, mat der Diskussiounssäit, an de ganzen Historique bleift bestoen. Op der aler Säit gëtt eng Viruleedung op déi nei automatesch agesat.

Skizz: Am Englesche stub genannt, sinn d'Skizzen op Wikipedia Artikelen, déi nëmmen aus knapps zéng Zeile bestinn an dofir nach kee vollwäertegen Artikel duerstelle kënnen. Eng Lëscht vun aktuelle Skizze fannt dir ënner Kategorie:Wikipedia:Skizzen. Bei sou Säite gesitt Dir, datt de follgende Message iwwer dem Artikel steet:

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Viruleedung: Viruleedungssäiten hunn u sech nëmmen de But op eng aner Säit weiderzeleeden. Dëst ass zum Beispill de Fall beim Artikel Julius Cäsar, deen op Gaius Iulius Caesar weidergeleet gëtt. Dëst kann dee Moment ganz nëtzlech sinn, zemools bei Ofkierzungen, déi ëmmer op den ausgeschriwwenen Titel redirigéiere sollen (Beispill USA -> Vereenegt Staate vun Amerika). Eng Viruleedung maacht Dir ganz einfach, andeems Dir ënnert dem Numm, vun deem aus redigéiert gi soll, #VIRULEEDUNG [[Numm vun der Säit, op déi redirigéiert gi soll]] an de Quelltext schreift.

Weesesäiten: Eng Weesesäit entsteet, wa keen aneren Artikel op dës spezifesch Säit linkt. Eng Lëscht, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, kann hei Spezial:Weesesäiten consultéiert ginn.

Wikipedia: D'Wikipedia ass de Gesamtbegrëff fir dës Enzyklopedie. Genee Detailer fannt dir am Artikel iwwer Wikipedia.

Wikifikatioun: Mat Wikifikatioun oder Wikifizéirung bezeechne mer d'Formatéiere vun engem Artikel no de Stilkonventiounen a Reegele vu Wikipedia. Dëst beinhalt ënner anerem Linke bäisetzen, Interwiki-Linke schafen oder Kategorië bäisetzen.