Ibn Battūta
Ibn Battūta | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
24. Februar 1304 jul. Tanger |
Gestuerwen |
1368 jul. Fès |
Aktivitéit | Explorateur, Geograph, Schrëftsteller, Kartograph, Händler |
Droits d'auteur | Droits d'auteur sinn ofgelaf |
![]() |
Den Ibn Battūta (Arabesch: ابن بطّوطة; Zentralatlas-Tamazight: ⵎⵉⵙ ⵏ ⵡⵓⴱⵟⵟⵓⵟ), mat ganzem Numm ʾAbu ʿAbd Allah Muḥammad Ibn ʿAbd Allah al-Lawātī aṭ-Ṭanjī Ibn Baṭṭūṭa, gebuer de 24. Februar 1304 zu Tanger am haitege Marokko, a gestuerwen 1368 oder 1377[1] zu Fès, war e muslimeschen Entdecker, Geograph, Jurist a Schrëftsteller aus dem 14. Joerhonnert. Hien ass virun allem bekannt fir seng wäit Reesen absënns duerch d'islamesch Welt, déi hien a sengem Rapport Rihla festgehalen huet. Seng Reesen hu ronn 30 Joer gedauert an hien huet iwwer 120.000 Kilometer zréckgeluecht – méi wéi all déi aner bekannt Entdecker aus dem Mëttelalter.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Ibn Battûta gouf am Joer 1304 zu Tanger am deemolege Meriniden-Kinnekräich (haut Marokko) an enger Berberfamill vu reliéise Juriste gebuer. Hien huet seng éischt grouss Rees am Joer 1325 als Haddsch op Mekka ugefaangen. Amplaz no der Pilgerfaart heemzegoen, huet hie seng Rees weidergefouert an huet esou tëscht 1325 an 1349 e Gebitt erfuerscht, datt vum Räich vun de Wolgabulgaren am Norde bis op Timbuktu am Süden a vun Tanger am Weste bis op Quanzhou am Fären Oste gaangen ass.
Reesen an Erfarungen
[änneren | Quelltext änneren]Den Ibn Battûta hat a villen islamesche Räicher eng héich Gonscht bei den Herrscher an de Verwaltungspersounen, a gouf dacks als Jurist oder Emissär engagéiert. Seng Observatiounen enthalen detailléiert Beschreiwungen iwwer déi kulturell, reliéis a gesellschaftlech Gegebenheeten an de Gebidder déi hien besicht huet.
Reestrajet 1325–1332
[änneren | Quelltext änneren]
Reestrajet 1332–1346
[änneren | Quelltext änneren]
Reestrajet 1349–1354
[änneren | Quelltext änneren]
Rihla
[änneren | Quelltext änneren]Nodeem hien nees am Marokko ukomm war (et gëtt ugeholl ëm 1354), gouf den Ibn Battûta vum Meriniden-Herrscher Abû ʿInân Fâris gefrot, seng Reesen dokumentéieren ze loossen. Doropshin huet hie seng Erliefnesser dem Geléierten Ibn Juzayy diktéiert, deen doraus de Reesbericht Tuhfat an-nuzzar fī gharāʾib al-amsār wa-ʿajāʾib al-asfār („Kaddo fir déi, déi dat Aussergewéinlecht an de Stied an déi wonnerbar Reese wëlle gesinn“) verfaasst huet. Dëst Wierk ass haut ënner dem Kierzel Rihla („d'Rees“) bekannt.
Dem Ibn Battûta säi Rihla gëtt als eng vun den detailléiertste Quelleschrëften iwwer déi islamesch Welt am 14. Joerhonnert ugesinn. Och wa seng Beschreiwungen net ëmmer konsequent oder objektiv sinn, gëtt säi Wierk wéinst senger geographescher Envergure an dem Abléck an d'Liewe vun där Zäit héich geschätzt.
No him genannt
[änneren | Quelltext änneren]Den Ibn Battûta gëtt haut nieft dem Marco Polo als ee vun de bedeitendsten Entdecker vun der Weltgeschicht ugesinn.
Fir un hien z'erënnere gouf de Fluchhafe vun Tanger no him genannt (Aéroport Tanger – Ibn Battûta), de Stadion an en Akafszentrum vun Tanger droen och säin Numm.
Och de Moundkrater Ibn Battuta ass no him genannt ginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Ibn Battūta – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Dunn, Ross E. The Adventures of Ibn Battuta: A Muslim Traveler of the 14th Century. University of California Press, 2005. ISBN 9780520243859.
- Gibb, H.A.R. (transl.). The Travels of Ibn Battuta, A.D. 1325–1354. Hakluyt Society, 1958.
- Mackintosh-Smith, Tim. Travels with a Tangerine: A Journey in the Footnotes of Ibn Battutah. Picador, 2001. ISBN 9780330371964.