Iechternacher Marathon

Vu Wikipedia

Den Iechternacher Marathon gouf 1981 an d'Liewe geruff. Déi dreiwend Kraaft war deemools den Theo Genson, deen extra dofir de “Spiridon Lëtzebuerg” gegrënnt huet.[1] Den éischte Laf, bei deem 160 Leefer matgemaach hunn[2], war den 11. Oktober 1981 a gouf bei den Häre vum Herbert Kosmala (Lëtzebuerg) a bei den Damme vun der Jeanny Mahnen (Lëtzebuerg) gewonnen.[3]

Vun 1982 u gouf d'Course vum neigegrënnte Veräin “Road Runners Echternach” organiséiert, zu deem senge Grënnungsmemberen ë. a. de Gérard Wohl an de Firmin Dupont gezielt hunn[4].

De Marathon, dee vun 1981 un all Joer am Oktober gelaf gouf, huet mat der Zäit ëmmer méi Leit op Iechternach gezunn. 1994 hunn 1.346 Leefer aus 24 verschiddene Länner dorun deelgeholl, dorënner 134 Dammen[5]. 1995 ware 1.687 Leefer um Start; 1.373 sinn am Zil ukomm[6]. 1996 hunn 1.355 Leefer d'Zil erreecht[7]. 1998 hate sech 1.516 Leit ugemellt; wéinst dem schlechte Wieder hu ronn 200 Leefer op de Start verzicht, vill anerer hunn ënnerwee opginn, soudatt nëmmen 1.123 Leefer op der Arrivée ukomm sinn[8].

Am Laf vun den 2000er Joren ass d'Zuel vun de Participante kontinuéierlech zeréckgaangen. Wéi dunn och nach ëmmer manner Fräiwëlleger bereet waren, bei der Organisatioun vum Marathon matzemaachen, huet de Comité am September 2012 d'Handduch geworf an déi 32. Oplo vum Marathon, déi fir den 21. Oktober 2012 virgesi war, kuerzfristeg ofgeblosen[2]. De Lëtzebuerger Marathonchampionat deen 2012 do sollt gelaf ginn gouf dunn an de Frankfurtmarathon integréiert. 2015 an 2016 gouf de Marathon awer nach emol organiséiert.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dupont, Firmin, 1995. Les «Road Runners Echternach» (RRE) en 1994. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1994, S. 18-21.
  • Dupont, Firmin, 1996. Die “Road Runners Echternach” (RRE) im Jahre 1995. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1995, S. 258-263.
  • Dupont, Firmin, 1997. 15 Jahre “Roadrunners Echternach”. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1996, S. 269-280.
  • Dupont, Firmin, 1999. Die Road Runners Echternach in den Jahren 1997 und 1998. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999, S. 423-429.
  • Schlechter, Romain, 2012. Das Ende des Echternacher Marathons: nach 31 Jahren keine weitere Auflage am 21. Oktober 2012. Tageblatt 2012, Nr. 215 (14. September), S. 30.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dupont 1997, S. 269.
  2. 2,0 2,1 Schlechter 2012.
  3. Zwei-Länder-Marathon (Echternach LUX) [1] (Archived by WebCite®)
  4. Dupont 1995, S. 18; Dupont 1997, S. 269; Dupont 1999, S. 423.
  5. Dupont 1995, S. 19.
  6. Dupont 1996, S. 260.
  7. Dupont 1997, S. 278.
  8. Dupont 1999, S. 427.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]