Ierpeldeng (Ettelbréck)

Vu Wikipedia
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat Ierpeldeng bei Ettelbréck. Fir aner Uertschaften, déi sou heeschen, kuckt wgl. Ierpeldeng.
Ierpeldeng
Erpeldange Panorama.jpg
Vue op Ierpeldeng
An anere Sproochen fr: Erpeldange-sur-Sûre
de: Erpeldingen-an-der-Sauer
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Coat of arms erpeldange luxbrg.png Ierpeldeng op der Sauer
Buergermeeschter Claude Gleis
Awunner 1.138
  1 Januar 2021; 1 Januar 2022; 1 Januar 2023
Koordinaten 49° 51’ 46’’ N
      06° 06’ 46’’ O
Schlass Ierpeldeng

Ierpeldeng ass eng Uertschaft am Kanton Dikrech an Haaptuert vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ierpeldeng läit am Sauerdall am Zentrum vun der Nordstad, net wäit vun Ettelbréck an Dikrech, op enger Héicht vun ongeféier 200 m. Geologesch läit d'Uertschaft op der Linn, déi d'Devon-Schichte vun den Ardennen am Norden (Éislek) vun den Trias-Schichten am Süden (Guttland) trennt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Géigend vun Ierpeldeng war schonn zu gallo-réimeschen Zäite bewunnt. Op Angelduerfer Terrain, net wäit weg vum Zesummefloss vu Sauer an Uelzecht, weise Spueren op e réimesche Castrum hin. Wéi vill Dierfer, deenen hiren Numm op "-ingen" endegt, gouf Ierpeldeng (Erpeld-ingen) tëscht dem 6. an dem 9. Joerhonnert gegrënnt, wéi d'Franke sech an eiser Géigend néiergelooss hunn.

Ierpeldeng daucht fir d'éischt a schrëftlecher Form an engem Akt vun 1247 op, wou d'Rittere Frédéric a Gérard vun Ierpeldeng genannt ginn.

Ierpeldenger Schlass[änneren | Quelltext änneren]

D'Ierpeldenger Schlass gouf am 12. Joerhonnert als Waasserbuerg gebaut. Haut ass et de Sëtz vun der Ierpeldenger Gemengeverwaltung. Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ierpeldenger Schlass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ierpeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]