Ierpeldenger Schlass

Vu Wikipedia
Ierpeldenger Schlass
D'Haaptfassad vum Ierpeldenger Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Ierpeldeng op der Sauer
Plaz Ierpeldeng
Koordinaten 49°51'36,06"N, 6°6'43,65"O
Proprietär Lëtzebuerger Staat

D'Ierpeldenger Schlass ass e Schlass an der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer, dat op eng Waasserbuerg aus dem 12. Joerhonnert zeréckgeet. Haut ass et de Sëtz vun der Ierpeldenger Gemengeverwaltung.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Ierpeldenger Schlass gouf am 12. Joerhonnert als Waasserbuerg gebaut. Dat haitegt Gebai gouf 1630 als Wunnhaus gebaut. D'Geschicht vun Ierpeldeng ass enk verbonne mam Schlass a mat senge Besëtzer, déi d'Herrschaft iwwer grouss Deeler vun Ierpeldeng an den Nopeschdierfer haten. D'Gondersdorf Famill huet vu 1464 bis 1691 regéiert an d'Famill du Prel vu 1691 bis 1840. Tëscht 1840 an 1882 war d'Schlass am Besëtz vun der Kierch vun Ierpeldeng a gouf vum Paschtouer Joseph Kalbersch bis 1858 bewunnt. Zäitweileg gouf d'Schlass och als Kierch benotzt.

1882 goung d'Schlass dunn un d'hollännesch Famill Keun iwwer, déi als Géigeleeschtung eng nei Kierch, ee Paschtoueschhaus an ee Kierfecht gebaut huet. Eng Zäitche war an enger Annex e cheemesche Laboratoire. D'Schlass blouf duerno gréisstendeels a privaten Hänn, bis et 1983 vum Lëtzebuerger Staat kaaft gouf.

Dono gouf et renovéiert an ëmgebaut, an zanter 1987 ass et de Sëtz vun der Ierpeldenger Gemengeverwaltung. Virdru war dës an engem klenge Gebai, zesumme mat e puer Schoulklassen an dem Club des Jeunes. D'Gemeng Ierpeldeng lount d'Gebai fir ufanks 100 Frang, haut 25 Euro d'Joer[1].

Den 11. Februar 2022 gouf d'Ierpeldenger Schlass als nationaalt Monument klasséiert.[2]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Am Schlass sinn e puer markant Dekoratiounselementer: Eng Trap op den éischte Stack aus wäissem Marber, déi vun zwou Léiweskulpture flankéiert ass, eng Schminni aus sculptéiertem Alabaster (déi der Legend no aus dem Besëtz vum Péiter Ernest vu Mansfeld gewiescht soll sinn), a Kassetteplaffong am haitege Sëtzungssall, dee mat Wopen dekoréiert ass, räich Holzvertäfelungen a faarweg Plätterchersbiedem mat geometresche Musteren[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ierpeldenger Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Rathaus-Geschichten: Erpeldingen/Sauer." wort.lu, 16.12.2020.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).