Iewescht Schlënner

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Iewescht Schlënner
Gebäude in Oberschlinder 01.jpg
Eent vun den zwee Gebaier an der Ieweschter Schlënner (2015)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Oberschlinder
de: Oberschlinder
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Coat of arms hosingen luxbrg.png Coat of arms consthurm luxbrg.png Coat of arms hoscheid luxbrg.png Parc Housen
Buerschent
Buergermeeschter Romain Wester
Annie Nickels-Theis
Awunner 0 (2015)
Koordinaten 49° 57’ 15’’ N
      06° 03’ 52’’ O

D'Iewescht Schlënner ass e Lieu-dit, deen deelweis an der Gemeng Parc Housen an deelweis an der Gemeng Buerschent läit.

Bis Enn 2011 war et en Deel vun der fréierer Gemeng Houschent (Kanton Dikrech), déi du mat de Gemenge Konstem an Housen zu der Gemeng Parc Housen fusionéiert huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Iewescht Schlënner läit nordwestlech vun Houschent an ëstlech vum Fridbësch am Dall vun der Schlënner, do wou d'Lëtschbaach an d'Schlënner leeft. Se läit op enger Héicht vun 300 – 320 m., dat sinn zirka 180 m. méi déif wéi Houschent an 140 m. méi déif wéi de Fridbësch.

Et kënnt een nëmmen iwwer onbefestegt, awer befuerbar Feldweeër dohin.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerf Uewerschlënner[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum Duerf Uewerschlënner ass een tragescht Kapitel vum Éislek. D'Liewen am Schlënnerdall war haart. Virun der industrieller Revolutioun hunn och hei d'Éisleker Leit, wéi iwwerall am Land ënnert raue Konditioune versicht hiert Iwwerliewen duerch Landwirtschaft an Handwierk ze sécheren. D'Feudalherrschaft vun den Häre vu Klierf, Schüttbuerg a Buerschent huet de klénge Leit kaum Spillraum fir e bessert Liewe gelooss. No engem Joerhonnert am Opschwong gouf d'Duerf Affer vun Honger an Aarmut an d'Leit si geflücht. Hir Geschicht ass kengeswees weltbeweegend ma op kenger anerer Plaz am Land gëtt ee sech méi bewosst wéi staark sech dëst Liewe vun deem vun haut ënnerscheet. D'Uewerschlënner ass een Echantillon vu vergaangenen Zäiten dee bal a Vergiessenheet gerode wier.

Dem Nic Bosseler säi Wierk Hoscheid auf der Strass[1] erméiglecht een Abléck an d'Geschicht an an den Alldag an der Uewerschlënner. Generell kann ee soen, datt alles mat enger Millen un der ieweschter Schlënnerbaach ugefaangen huet.

Den ale Kiem, dee vu Konstem Richtung Houschent, duerch d'Schwéngskaul féiert, huet d'Uewerschlënner viru laanger Zäit un d'Zivilisatioun ugeschloss. Aus engem Dokument vun 1330 geet ervir, dass hei déi eelst Mille vum Schlënnerdall stoung. Si dréit sënngeméiss den Numm “Schlënnermillen”. De Kadaster verréit am Joer 1824 de Jean Wilmes als Bedreiwer vun der Millen. D'Häre vun der Schüttbuerg waren zur där Zäit déi legal Besëtzer vun der Millen, an hunn dës als Seeërei bedreiwe gelooss. Vun 1828 u gouf se als Kären- oder Uelegmille benotzt. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert ass d'Gebai verfall. Haut ass bis op e puer schappeg Reschter vum Doléinerhaus niewendrun näischt méi vun der Millen iwwreg.

1412 geet d'Gebitt vum Schlënnerdall an d'Hänn vun den Häre vu Klierf iwwer.

1585 ginn Uewer- an Ënnerschlënner an d'Pargebitt vu Branebuerg iwwer; eenzel Deeler ginn der Dikrecher St. Laurenzkierch zougesprach.

Et gëtt net vill Dokumenter an deene vun der Schlënner rieds geet. Et kann een awer e skizzéierten Entworf dovu maachen, wéi dacks d'Uewer- an d'Ënnerschlënner tëschent de verschidden Hären hin an hier gereecht goufen. D'franséisch Revolutioun am Joer 1789 bréngt de warscheinlech gréissten Ëmschwong. De Lëtzebuerger Territoire gëtt vun de franséischen Truppen ageholl an e puer Joer méi spéit dem Département des Forêts zougeuerdent.

1815, am Joer vum Wiener Kongress, gi bei enger Vollekszielung an der Uewerschlënner eng 25 Leit gezielt. 12 Joer méi spéit sollten et der well 38 sinn. Kadasterpläng aus den 1820er Jore bezeien d'Existenz vun 20 Haiser am Duerf Uewerschlënner. 1847 wunnen hei 13 Familljen an am ganze 67 Awunner. Em d'Uewerschlënner huet sech eng demographesch Dynamik entwéckelt an d'Duerf huet sech ëm d' Hobbes- a Kalmillen zu engem pittoresken Éisleker Dierfche gewandelt.

Am Joer 1858 gëtt den Inneministère d'Permissioun fir eng Kapell am Duerf opzeriichten. Och eng eege kleng Schoul sollt niewent der Kapell – déi haut nach besteet – entstoen. Bal honnert Joer no der franséischer Revolutioun, den 28. Januar 1878 brennt d'Schoul op Grond vun engem Schoulmeeschter deen d'Päif gefëmmt huet of. Dëst war ee weideren Aangelpunkt fir d'zukünftegt Schicksal vum Duerf.

Vun dësem Moment u sollt et mam Duerf just nach d'Baach agoen. D'Leit hunn an der Hoffnung op e bessert Liewen hirem Heemechtsduerf de Réck gedréint an hunn hiert d'Gléck an der „Neier Welt“, an Nord- a Südamerika gesicht. Si hunn alles opginn. Dës Emigratiounswell huet den Doudesstouss fir d'Uewerschlënner bedeit.

Bis zur Zäit vum 2. Weltkrich hunn nach eng Hand voll Leit hei gelieft. Duerch den Ugrëff vun de Nazie gouf och déi lescht Séil gezwongen d'Uewerschlënner ze verloossen. D'Bewunner sinn an d'Wehrmacht agezunn, deportéiert a gepisakt ginn. Anerer sinn desertéiert an hunn an de Bëschbunkeren am Ëmkrees (wéi z. B. de Bunker Fridbësch an Houschent) Schutz virum Feind gesicht[1],[2],[3].

Dem Renert seng Buerg Malpaartes[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Rodange huet ëm d'Joer 1870 bei der Visitt vun engem Schantjen duerch Zoufall de Fuussebau entdeckt, deem hie spéider a senger Fabel den Numm „Malpaartes“ ginn huet.

Den Auteur huet zu där Zäit als Kantonalinspekter zu Wolz geschafft an ass an de Schlënnerdall komm fir sech ze vergewëssere wéi d'Aarbechten un der zweeter Schlënnerbréck viru géingen. Nieft senger Aarbecht, déi de Michel Rodange op déi entleeënst Plaze vum Éislek gefouert huet, hat hien ëmmer eng Affinitéit, eng Léift fir déi typesch Landschafte vun der Regioun. A senger Kandheet huet hien dacks bei sengem Monni zu Lëpschent.

Sou gouf dem Renert seng Buerg an der Schlënner erduecht. 1872 publizéiert de Michel Rodange säi Wierk „Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst“. D'Buch ass eng Adaptatioun vum Goethe sengem „Reineke Fuchs“. Op den éischte Bléck liest sech d'Wierk wéi een Hommage un d'Lëtzebuerger Sprooch, un d'Landschaften a Géigenden. Et ass awer wäit méi wei eng romantiséiert Fabel.

Fir den honnertsten Anniversaire vum Auteur goufe queesch duerch d'Land Feieren organiséiert fir dem Auteur a sengem Buch ze gedenken. Den Evy Friedrich huet am Joer 1934 dem Renert seng Buerg nees entdeckt. A sengem Temoignage erzielt hie vun engem Fuussebau deen ofgeleeën tëschent der Ënneschter Schlënner a Schlënnermanescht, tëscht Brimmen an Hecken an engem géien Hang läit. E Bewunner aus der Ënneschter Schlënner hat him de Wee vun de Fiiss bis bei de Bau explizéiert. Am September 1935 war dunn och schlussendlech eng Feier zu Schlënnermanescht, wou dem Michel Rodange sengem Wierk zu Éieren e Pad bis op Malpaartes geschloe gouf an deen dunn ageweit gouf. Mat enger Affiche vum Lëtzebuerger Moler Roger Gerson gouf d'Feier annoncéiert a war e vollen Erfolleg[4],[5],[6].

Kapell[änneren | Quelltext änneren]

D'Uewerschlënnerkapell steet ënnert dem Schutz vun der helleger Kunigunde an dem hellegen Méchel. Dacks besteet eng Verwiesslung mat der Méchelskierch vu Buerschent. Den 13. August 1858 gëtt den Inneministère der Gemeng Buerschent d'Permissioun fir en 9 Ar grousst Grondstéck ze kafen fir an der Uewerschlënner de Grondsteen ze leeë fir eng Kapell, eng Schoul an ee Kierfecht ze bauen. Zu dësem Zäitpunkt ass d'Schlënner nach eng Uertschaft am Opschwong. Hei fënnt ee Millen, Gierwereien an landwirtschaftlech Betriber. Dem Nic Bosseler no[1] waren am Joer 1875 fir Päischten déi éischt Feierlechkeeten op där Plaz. De 27. September[Wéini ?] gëtt d'Kapell eng zweet Kéier ageweit, nodeems d'Gebai op Grond vun enger Privatinitiativ renovéiert gouf. Eng drëtt Renovatioun gouf 1965 vum Buerschter Gemengerot beschloss. No laangem Hin an Hier gëtt d'Renovatioun vun der Kapell schlussendlech 1979 an Ugrëff geholl.

Vun deem Zäitpunkt un huet sech eng kleng Communautéit ronderëm d'Uewerschlënnerkapell Joer vir Joer am Dall getraff an do eng Mass organiséiert. Onkloer ass vu wéini un dës Zeremonie schonn ofgehale gëtt. Enger So no soll viru méi wei 350 Joer schonn eng Kéier eng Kapell op dëser Plaz gestanen hunn. Hei sollen d'Stëmmen vun den Awunner, déi duerch d'Pescht gestuerwe waren, ze héiere gewiescht sinn. Et géif sech ëm d'Geeschter vun de verstuerwenen Affer aus den ausgestuerwenen Dierfer Nachthumb a Wambach handelen. Jeeweils eng Fra aus den zwee Dierfer huet iwwerlieft. Allebéid pilgeren se all Freideg an d'Uewerschlënnerkapell fir do fir déi Doudeg ze bieden. Hautdesdaags gëtt nach all Joer am Juli eng Mass an der Kapell gehalen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Evy Friedrich: Ober- und Unterschlinder am Buch 100e Anniversaire Sapeurs-Pompiers Hoscheid 1887 - 1987 S. 239-256

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iewescht Schlënner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Bosseler, N., Lutgen, Alphonse, Meyer, Albert, Schmit, Erny, Schroeder, Marcel, & Schneider, Nico. (1978). Hoscheid auf der Strass : Entwicklungsgeschichte einer Gemeinde durch eine vielhundertjährige Epoche. Hoscheid: Gemeindeverwaltung.
  2. Archives nationales de Luxembourg
  3. Friedrich, E. (1987). Ober- und Unterschlinder. 100e Anniversaire / Sapeurs-pompiers Hoscheid, 100e anniversaire / Sapeurs-pompiers Hoscheid. - Hoscheid, 1987 P. 239-256, ill.
  4. De Renert - kommentéiert Versioun vum Romain Hilgert
  5. Evy Friedrich - Ober- und Unterschlinder
  6. Ober- und Unterschlinder am Buch 100e Anniversaire Sapeurs-Pompiers Hoscheid 1887 - 1987