Ignaz Semmelweis
| Ignaz Semmelweis | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 1. Juli 1818 |
| Gestuerwen | 13. August 1865 |
| Nationalitéit | Keesertum Éisträich, Ungarn |
| Educatioun |
Universitéit Wien, Eötvös Loránd Universitéit |
| Aktivitéit | Dokter, Botaniker, Universitéitsprofesser, Gynekolog |
| Bestuet mat | Mária Weidenhofer |
| Mamm | Theresa Müller |
|
| |
Den Ignaz Philipp Semmelweis (op Ungaresch: Ignác Fülöp Semmelweis resp. Semmelweis Ignác Fülöp) gebuer den 1. Juli 1818 am Quartier Tabán zu Buda, am Kinnekräich Ungarn/Keesertum Éisträich, a gestuerwen den 13. August 1865 zu Oberdöbling bei Wien, war en ungaresch-éisträichesche Chirurg an Obstetriker.
Hien huet op den Universitéite vu Pest a Wien Medezin studéiert an zu Wien 1844 säin Ofschloss als Dokter kritt.
Him ass opgefall, datt an ëffentleche Klinicke méi heefeg d'Mammen an den Deeg nodeems s'e Puppelchen op d'Welt gesat hunn, u Puerperalféiwer gestuerwe sinn, wéi an de privaten, an huet als Ursaach schlecht hygieenesch Konditioune bei den Dokteren an dem Fleegepersonal erkannt. Hien huet sech dofir agesat, datt Virschrëfte fir Hygiène agefouert solle ginn. Seng Etüd vun 1847/48 gëllt haut als éischte praktesche Fall vun evidenzbaséierter Medezin an Éisträich an als Musterbeispill fir eng methodesch korrekt Iwwerpréiwung vu wëssenschaftlechen Hypotheesen.
Zu senge Liefzäite goufe seng Erkenntnesser, déi en 1861 publizéiert huet, net unerkannt a vu senge Confrèren als „spekulativ Topereien“ ofgeleent. D'Hygiène gouf deemools als Zäitverschwendung ugesinn, an als net am Aklang mat de gängegen Theorië vun deemools iwwer d'Ursaache vu Krankheeten. Sou war et üblech, datt Dokteren no enger Obduktioun, ouni hir Hänn ze desinfizéieren, gläich dono Fraen, déi accouchéiert haten, ënnersicht hunn. Just e puer Dokteren hu seng Erkenntnisser eescht geholl an ëmgesat. Vill hu refuséiert, unz'erkennen, datt si selwer d'Ursaach vum Doud vu Patientinne wieren, oder hunn de Semmelweis als "Naschtbeschmotzer" vernannt.
Fir den Intrigen an Ufeindungen zu Wien z'entkommen, ass hien 1850 op Pest gaangen an huet do praktizéiert a vun 1855 op der Uni enseignéiert. Hien ass mat 47 Joer an enger psychiatrescher Klinick zu Wien, der Landesirrenanstalt Döbling, ënner net eendeiteg gekläerten Ëmstänn gestuerwen. Et ass méiglech, dass en ënner Depressioune gelidden hat, well seng Erkenntnesser ignoréiert goufen.
D'Autopsie am Joer 1963, wéi och Ongereimtheeten a Widderspréch ronderëm d'Ëmstänn vu sengem Openthalt do, deiten drop hin, datt en ënner Zwang internéiert gewiescht kéint sinn, a méiglecherweis ëmbruecht gouf.
Eréischt um Enn vum 19. Joerhonnert gouf d'Wichtegkeet vu sengen Entdeckungen allgemeng unerkannt a gewierdegt.
Zu Budapest gouf ë. a. d'Semmelweis-Universitéit (Semmelweis Egyetem) no him genannt. Vill Instituter, Klinicken a Stroossen doruechter droen haut säin Numm. Zu Lëtzebuerg gouf zu Stroossen d'Rue Ignace Semmelweis[1] no him genannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ignaz Semmelweis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ L-8033
