Ilijana Jotowa
| Ilijana Jotowa | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
6. President vu Bulgarien | |
| 23. Januar 2026 - | |
| Virgänger | Rumen Radew |
| Partei | Bulgaresch Sozialistesch Partei |
| Biographie | |
| Gebuer |
24. Oktober 1964 Sofia |
| Nationalitéit | Bulgarien |
| Educatioun |
Universitéit Sofia, Lycée Français Sofia |
|
| |
D'Ilijana Malinowa Jotowa (Bulgaresch: Илияна Малинова Йотова), gebuer de 24. Oktober 1964 zu Sofia, ass eng bulgaresch, Journalistin a Politikerin (BSP). Si ass zanter dem 23. Januar 2026 Presidentin vu Bulgarien. Virdru war si vun 2017 u Vizepresidentin.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Si huet op der Universitéit Sofia Bulgaristik a Franséisch Philologie studéiert a war du vun 1991 bis 1997 Noriichtejournalistin bei der bulgarescher nationaler Televisioun. Dono huet si fir de Presseservice vun der BSP geschafft. Am Abrëll 2000 gouf si fir d'BSP Member vum Gemengerot vu Sofia. Ee Mount drop gouf si an de Comité vun der BSP gewielt.
2005 gouf si als Deputéiert vun der Koalitioun fir Bulgarien, zu där och d'BSP gehéiert huet, an d'bulgarescht Parlament gewielt. Nom Bäitrëtt vu Bulgarien an d'EU gouf si 2007 an d'Europäescht Parlament gewielt a bei den Europawalen 2009 erëmgewielt.
Bei de bulgaresche Presidentschaftswalen 2016 huet si mam Rumen Radew zesumme kandidéiert. De Radew gouf gewielt a si gouf Vizepresidentin. 2023 goufen déi zwee erëmgewielt. Nodeems de Radew den 20. Januar 2026 zeréckgetruede war, ass d'Ilijana Jotowa, als éischt Fra, als nei Presidentin vereedegt ginn.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ilijana Jotowa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Bulgarien hat erstmals eine Präsidentin – Ilijana Jotowa." bnrnews.bg, 23.01.2026.
