Illinois State University

Vu Wikipedia
Illinois State University
Chicago State University
Typ Universitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA
Land USA
Schülerzuel 20.720
  September 2020
Gegrënnt 1857
Um Spaweck http://illinoisstate.edu/

D'Illinois State University (kuerz ISU) ass déi eelst ëffentlech Universitéit am Bundestaat Illinois, am Norde vun den USA. Hire Campus läit an de Schwësterstied Normal a Bloomington, ongeféier 220 Kilometer südwestlech vu Chicago. Si ass bekannt fir de Pedagogiestudium de se ubitt an ass an den Top 10 vun den amerikaneschen Universitéiten, déi Léierpersonal ausbilden.

Si ass den 18. Februar 1857 per Gesetz als Formatiounsschoul fir Schoulmeeschtere gegrënnt ginn. Zënterhier huet sech hir Bildungsoffer diversifizéiert an 2016 goufen Diplomer an iwwer 160 Beräicher ugebueden, zum Beispill an der Technologie, der Konscht, der Economie an der Gesondheet. D'Bibliothéik vun der Universitéit hält méi wéi dräi Milliounen Dokumenter.[1]

Am Hierscht 2016 waren op der ISU 21.039 Studenten ageschriwwen, dovun hunn der 18.643 en "Undergraduate" (Bachelor) an 2.396 e "Graduate"-Diplom (Master an Doktorat) gemaach.[2] 58,4% vun de Studente sinn aus der Géigend vun Chicago komm. 3.552 Persounen hu fir d'Universitéit geschafft, dovun 1.210 als Léierpersonal.[2]

D'Sportsekippe vun der ISU heesche Redbirds.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Illinois State University – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. A Brief History of Illinois State op illinoisstate.edu (gekuckt den 1. September 2017)
  2. 2,0 2,1 Offiziell Zuelen op illinoisstate.edu (gekuckt den 1. September 2017)
  3. Iwwersiicht op usnews.com (gekuckt den 1. September 2017)