Im Anfang war der Blick

Vu Wikipedia
Im Anfang war der Blick
Film
Produktiounsland Éisträich
Lëtzebuerg
Première 18. Mee 2003
Dauer 45 min
Format 1:1,66
Filmformat 35mm
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Bady Minck
Dréibuch Bady Minck
Fotografie Jerzy Palacz, Martin Putz, Martin Gschlacht
Musek Dr. Nachtstrom, Bernhard Fleischmann
Schnëtt Anne Schroeder, Frédéric Fichefet
Produzent Alexander Dumreicher-Ivanceanu, Bady Minck
Produktiouns-
gesellschaft
Minotaurus Film, Garabet Film, Amour Fou Filmproduktion, Oikodrom
Schauspiller
Bodo Hell: Poet
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Im Anfang war der Blick ass en Konschtfilm vun der lëtzebuergescher Filmregisseurin Bady Minck aus dem Joer 2003.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

E Mann sëtzt a senger Bibliothéik. Hi steet op, trëppelt, hëlt Bicher aus dem Regal, setzt se nees zeréck a setzt sech erëm fir e puer Wieder ze schreiwen. Op eemol entdeckt hien en déckt rout Buch op deem d'Wieder "Im Anfang war der Blick" stinn. De Mann mécht d'Buch op an aus der éischter Säit kënnt eng Gebiergsformatioun eraus. Dorënner erschéngen d'Wieder "Der Erzberg". Dat bréngt de Mann an den Zuschauer op eng Rees duerch d'geographesch, historesch a kulturell Landschaft vun Éisträich am 20. Joerhonnert. Déi Rees fänkt am Duerf Eisenerz un. Um Enn vun där Rees integréiert de Protagonist d'Landschaft vun de Postkaarten a bleift als säin eegent fotografescht Ofbild zeréck, dat zweedimensional an hëlleflos enger Natur ausgeliwwert ass, déi sech him als Usiichtssaach radikal entzitt.[1][2]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De franséischen Titel vum Film ass Au commencement était le regard, deen engleschen In the Beginning Was the Eye.

Fir d'Produktioun vum Documentaire krut d'Produktiounsgesellschaft Minotaurus Film am Joer 2000 e Subside an Héicht vu 600.000 Lëtzebuerger Frang vum Lëtzebuerger Filmfong.[3]

De Film hat seng Première am Mee 2003 bei der "Quinzaine des réalisateurs" um Filmfestival vu Cannes.[4] D'Bady Minck war schonn 1989 mat hirem Kuerzfilm Der Mensch mit den modernen Nerven zu Cannes, am Kader vun der "Semaine de la critique". 2014 sollt si erëm do representéiert sinn, mat hirem Film Amour fou an der Sektioun "Un certain regard"[5].

Im Anfang war der Blick gouf och op villen anere Filmfestivalle gewisen, dorënner zu Wien, Jerusalem, Athen, Montreal, Bergen, Melbourne, Sao Paolo, Madrid a Las Vegas, nieft villen anere Stied. En huet eng Rei Präisser gewonnen.

Op Basis vum Film ass e Buch mam selwechten Titel entstanen, an deem fofzéng Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen hir Siicht op d'Verhältness tëscht "Landschaft, Ecologie, Systemdenken, Konscht a Film" liwweren.[6]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

France Clarinval, Paperjam:[1]

À la fois onirique, politique, philosophique et culinaire, ce combat entre le verbe et l'image se soldera par l'échec du poète, emporté par le vent.

Irmgard Schmidmaier, d'Lëtzebuerger Land:[7]

Das Rennen Wort gegen Bild geht bei Minck klar für das Bild aus, und doch behält sie durch die Aufnahmetechnik die nötige Distanz: Einzelbildaufhahmen, die Bodo Heils Bewegungen irreal zergliedern. Mehrfach-Überblendungen, die das Gesehene gleich wieder in Frage stellen und die ungewöhnliche Verbindung zur Sprache, die selbst als musikalisches Element eingesetzt und von Cutter Frédéric Fichelet zu einer rasanten Wort-Bild-Komposition gefügt wird, machen Im Anfing war der Blich zu einem Stück Kino, das Erwartungen und Gewohnheiten gegen den Strich bürstet.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 paperjam.lu: 25 ans en 25 films (14/25) 2003: Im Anfang war der Blick vum France Clarinval (25. November 2015)
  2. De Film op viennale.at
  3. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 208
  4. Selektioun vun der Quinzaine des réalisateurs 2003
  5. wort.lu: Bady Minck sur la croisette (15. Mee 2014)
  6. Presentatioun vum Buch op sfkb.at
  7. d'Lëtzebuerger Land: Stummflimmernde Wortbildreise vum Irmgard Schmidmaier, 8. November 2002, Säit 27