Imago (Zoologie)

Vu Wikipedia
Iwwergank vun der Popp zum Imago bei enger Zikad (akzeleréiert)

Imago (plur. Imagines, laténgesch fir „Bild“) ass de Fachbegrëff fir ausgewuessen a geschlechtsräif Insekten.

Et handelt sech dobäi ëm de Liewensstadium no deem vun der Larv an der Popp, zum Beispill e fäerdege Kiewerlek oder Päiperlek, deen net méi wiisst.

Et gëtt och Insekten déi sech nëmmen onvollkomme verwandelen (heterometabol Insekten) wéi z. B. d'Heesprénger, hei bezitt sech de Begrëff Imago och op dee leschte Liewensstadium.