Imre Pozsgay

Vu Wikipedia
Imre Pozsgay
Gebuer 26. November 1933
Gestuerwen 25. Mäerz 2016
Budapest
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser

Den Imre Pozsgay gebuer de 26. November 1933 zu Kóny a gestuerwen de 25. Mäerz 2016 zu Budapest, war en ongresche Politiker.

Hie gouf, nodeems de János Kádár 1988 ofgesat gi war, Staatsminister, an ass ee vun den Haaptleit, déi d'Demokratiséierung a sengem Land virugedriwwen a sou den Eisene Rideau zu Fall bruecht hunn.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf 1950 Member vun der Ungarescher Sozialistescher Aarbechterpartei an huet vun 1957 bis 1970 Marxismus-Leninismus enseignéiert. 1976 gouf hie Minister fir Kultur, an 1980 fir Erzéiung. Hien huet sech fir Reformen engagéiert an dem János Kádár widdersat, sou datt e säin Amt 1982 verluer huet.

De Pozgay war Auteur vun engem Rapport iwwer déi desolat wirtschaftlech Situatioun vum Land, deen iwwersat D'Kéier vun der Reform housch. Wéi de Kádár am Mee 1988 ofgesat gi war, gouf hie Member vum Politbüro vun der Ungarescher Sozialistescher Aarbechterpartei.

Hien huet am Oktober 1988 de pickegen Drot laanscht d'Grenz mat Éisträich fir geschichtlech, politesch an technesch iwwerholl erkläert, an dee Mount drop huet en am Radio den Ungaresche Volleksopstand vun 1956 als e Volleksopstand bezeechent, an net eng "Konterrevolutioun", wéi et offiziell hätt misse genannt ginn. Domat huet de Pozsgay ganz bewosst getest, wéi d'Sowjetunioun ënnert dem Michail Gorbatschow géif reagéieren. Wéi näischt geschitt ass, ass en dovun ausgaang, datt d'Sowjets eeffektiv net méi Loscht oder d'Méiglechkeet haten, sech anzemëschen oder z'intervenéieren.

Sou gouf den 2. Mee 1989 domat ugefaangen, de pickegen Drot op véier Plaze laanscht d'Grenz ofzerappen. Och hei koum keng Reaktioun vu Säite vun der Sowjetunioun, sou datt de Pozgay den 3. Juli den Uerder gouf, den Drot ganz ewechzemaachen, dat zum Verdross vum Erich Honecker. De Pozsgay huet och de sougenannte "Paneuropäesche Picknick" vum 19. August mat patronnéiert, bei deem Honnerte vun Ostdäitschen iwwer déi ewell oppe Grenz bei Szopron an de Weste flüchte konnten.

Ënnert senger Leedung huet och d'Aarbechterpartei sech tëscht Juni a September 1989 mat der Oppositioun un de Ronnen Dësch gesat, fir Reformen auszehandelen, sou datt déi nei Republik Ungarn den 23. Oktober 1989 proklaméiert konnt ginn. D'Sozialistesch Aarbechterpartei gouf a Sozialistesch Partei ëmgenannt, an den Imre Pozsgay hire Vizepresident.

1991 huet de Pozgai d'Sozialistech Partei verlooss an d'National Demokratesch Allianz gegrënnt, där hire President e bis 1996 blouf. Bis 1994 war hien Deputéierten am ungaresche Parlament, an hien huet och weider op der Kossuth Lajos Universitéit zu Debrecen enseignéiert.