Infrared Telescope in Space

Vu Wikipedia
SFU Satellit (mat Solarzellen) iwwer dem Space Shuttle (Ausschnëtt vum Missiouns-Logo)

Den Infrared Telescope in Space (IRTS) war dat éischt japanescht Weltraumteleskop fir den Infraroutberäich.

Den IRTS war e Projet vum japanesche Raumfuerschungsinstitut ISAS. Dat heliumgekillten Teleskop vu 15 cm Duerchmiesser war u Bord vum Méizwecksatellit SFU (Space Flyer Unit), deen den 18. Mäerz 1995 mat enger H-2-Rakéit gestart gouf. Wärend senger Missioun vun 28 Deeg hat den IRTS ongeféier 7 % vum Himmel mat niddreger Opléisung duerchmustert.

Instrumenter waren zwéi Spektrometer fir dat not an dat mëttelst Infrarout, e Wäitinfraroutphotometer, an en Instrument fir d'Himmelskartéierung an den Emissiounlinne vun [CII] bei 157 µm an [OI] bei 63 µm. Nom Enn vun der Missioun gouf de Satellit vun der Space Shuttle Missioun STS-72 agefaangen an op d'Äerd zeréckbruecht.

Den IRTS hat haaptsächlech d'interstellar Matière vun eiser Mëllechstrooss observéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]