Harry Roldán Pinedo Valera
| Harry Roldán Pinedo Valera | |
|---|---|
|
Den Harry Pinedo (2024) | |
| Gebuer |
11. Mee 1988 Pucallpa |
| Nationalitéit | Peru |
| Aktivitéit | Moler |
|
| |


Den Harry Roldán Pinedo Valera oder Harry Pinedo, gebuer den 11. Mee 1988 zu Pucallpa am Peru, ass en zäitgenëssesche peruanesche Kënschtler vun der heemescher Molerei.[1] An der Sprooch vun de Shipibo-Conibo heescht hien Inin Metsa[2].
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Karriär an artistesch Afloss
[änneren | Quelltext änneren]Den Harry Pinedo ass duerch seng Elteren, Elena Valera a Roldán Pinedo, déi och Kënschtler sinn, bei d'Molerei komm. Hien huet hinne gehollef an huet Elementer déi an de Biller gefeelt hunn entwéckelt an ageschafft. Am Laf vun de Joren huet sech doraus en eegene Molstil entwéckelt an hie gouf du selwer e Kënschtler. Am Joer 2020 huet den Harry Pinedo säi Pedagogik-Studium fir zweesproocheg interkulturell Bildung op der Universidad Peruana Cayetano Heredia mat engem Bachelor ofgeschloss. Zënterhier ënnerriicht hien op der Shipibo Community School zu Cantagallo.[3]
De Pinedo gehéiert zum Shipibo-Vollek vun Ucayali am peruaneschen Amazonasgebitt a schafft zënter 1995 zu Lima, wou hien an der Shipibo-Communautéit Cantagallo lieft. Hien ass e Vertrieder vun der heemescher Konscht, där hire Sujet d'Dschungelwelt vu Südamerika ass.[4] Dem Pinedo säi kënschtlereschen Afloss staamt dofir manner vun aneren indigeene Kënschtler of, mä éischter vum Ausenanersetze mat der Natur an hirem Gläichgewiicht aus Fauna a Flora op der enger an den indigeene Vëlker déi symbiotesch mat an an hir liewen, op der anerer Säit.[5]
D'Beweegung vum bildlechen Indigenismus huet sech an der Mëtt vum 20. Joerhonnert am Peru entwéckelt. Wärend sech fréier indigeen Moler exklusiv mat de Leit aus den Ande beschäftegt hunn, sinn dem Pinedo seng Sujeten d'Dschungelawunner an hir Welt.[6] Änlech wéi an der naiver Konscht sinn et einfach a fantasievoll Bildmotiver, där hir Originnen aus engem schamanistesche Kontext stamen an dem Motiv eng spirituell Interpretatioun ginn.
A senge visionäre Biller integréiert de Pinedo seng eegen Erfarunge vum Gebrauch vum der Ayahuasca Drog a visualiséiert indigeen Virstellunge vu Geeschter a spirituell Entitéite wéi Déieren a Planzen aus dem Reebësch.[7] Grad wéi an der naiver Konscht sinn et einfach, zweedimensional Duerstellunge vun Déieren a Planzen. Eng Charakteristik vu senger Molerei sinn d'Musteren aus der Déierewelt, déi ëmmer nees ervirstiechen, an déi sech op eng villfälteg Aart a Weis a senge Wierker erëmfannen. Se kënnen esou interpretéiert ginn, datt d'Existenz vum mënschleche Liewen ouni Ausnam vun der Natur ofhänkt.
Am Idealfall handelt et sech ëm eng géigesäiteg Symbios vum Mënsch mat der Natur: dofir gëtt et a senge Wierker och gesellschaftskritesch Elementer, déi awer als Opruff verstane solle ginn, d'Natur an de Reebësch als Liewensgrondlag ze respektéieren an z'erhalen, amplaz se ze zerstéieren.[8]
Stil an Techniken
[änneren | Quelltext änneren]An senger Heemecht huet de Pinedo d'Konscht vun der indigeener Molerei mat Pinselen aus Piri-Piri-Äscht oder Ronsoco-Hoer geléiert, wärend hie lokale Buedem benotzt fir seng Faarwen hierzestellen a fir d'Leinwand den einfach Tocuyo benotzt, dee mat Essenzen aus der Schuel vum Mahagonibam gefierft gëtt. De Pinedo probéiert domat, d'Magie an d'Geheimnis vun de Bewunner aus dem Dschungel anzefänken a mat Faarf a Form déi mëndlech Iwwerliwwerunge vum Shipibo-Conibo Vollek z'erfaassen.[9] Nieft den natierleche Faarwen aus senger eegener Produktioun schafft hie fir déi grouss Formater och mat Acrylfaarwen.[10]
Ausstellungen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 2025 Listening to the Voices of the Rivers, Newcastle
- 2024 Pinta Miami – The Latin American Gene, Miami
- 2023 healing, Weltkulturen Museum Frankfurt am Main
- 2022 Perú en mi Corazon, Galerie Maggy Stein, Beetebuerg
- 2021 Place-Making, World-Making, Universitéit vun Essex
- 2020 Amazonia Arte e Identidad, Boulevard Art Gallery Asia, Lima
- 2019 ARCOmadrid, Gastland Peru. Amazonas, Madrid
- 2018 Ruraq Maki, Museo de la Nación, Lima
- 2017 El Explendor de Yanapuma, Centro Colich de Barranco, Lima
- 2016 BAZARTE, Lima Contemporáneo en Fundación Euroidiomas, Lima
- 2014 La Peinture Contemporaine de I´Amazonie Peruvienne, Maison des Associations, Paräis
- 2013 Mira! – Artes Visuales Contemporáneo de los Pueblos Indigenas. Kulturzenter vun der Universitéit Minas de Grey, Belo Horizonte (BR)
- 2011 Amazonia I, Sala Ricardo Palma de la Municipalidad de Miraflores, Lima
- 2010 Noche de Arte 2010, BBVA Banco Continental, San Isidro, Lima
- Árbol de huayruros (2023)
- Mujer de la medicina (2023)
- Sol y luna en la mañana (2022)
- Visión de lagartijas (2022)
Wierker an ëffentleche Kollektiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Weltkulturen Museum, Frankfurt am Main
- Universidad Peruana Cayetano Heredia, Lima
- Peruanesche Kulturministère, Lima
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Listening to the Voices of the Rivers, in: Newcastle Contemporary Art, Begleedungstext fir d'Austellung vum 30. Oktober bis den 22. November 2025.
- healing. Broschür mat der Ausstellung „Life in Balance“ vum 2. November 2022 bis den 3. September 2023 am Weltkulturen Museum Frankfurt am Main.
- Giuliana Borea and Rember Yahuarcani: Amazonian Waterway, Amazonian Water-Worlds: Rivers in Government Projects and Indigenous Art, in: Liquid Ecologies in Latin American and Caribbean Art (erausgi vum Lisa Blackmore a Liliana Gómez 2020), S. 106–124.
- Harry Pinedo Valera: El esplendor de Yana Puma, in: El Comercio vum 26. Januar 2017.
- Oscar G. Pamo Reyna: De La Selva, Su Pintor: Harry Pinedo Valera, in: Acta Herediana Vol. 60, abril – setiembre 2017, S. 83–86.
- Harry Pinedo / ININ METSA. Pertenece al pueblo Shipibo de Ucayali en la Amazonía de Perú, in: DESIGNER Magazine vum 29. Juli 2021.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Harry Roldán Pinedo Valera – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Newcastle Contemporary Art: Listening to the Voices of the Rivers
- Ausstellung "Animales de nuestro bosque" (Déieren aus eisem Bësch) vum Roldán an Harry Pinedo (Video op YouTube) (es)
- Harry Pinedo – Estéticas amazónicas: Artistas indígenas urbanos y la defensa del buen vivir (Video op YouTube) (es)
- WordPress.com: Den Artist Harry Pinedo Valera (fr)
- Latin American Literature Today: Harry Roldan Pinedo Varela (Inin Metsa) (en)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Place-Making, World-Making: Tres Artistas Indígenas Amazónicos, in: Artishock v. 12.05.2021.
- ↑ An der Sprooch vun de Shipibo-Conibo, e Synonym fir Parfüméiert Blieder, vgl. Antiguamente en el monte los animales, las plantas y otros seres eran gente (Casa de la Literatura Peruana, 2017).
- ↑ Oscar G. Pamo Reyna: De La Selva, Su Pintor: Harry Pinedo Valera, in: Acta Herediana Vol. 60, abril – setiembre 2017, S. 83.
- ↑ Antiguamente en el monte los animales, las plantas y otros seres eran gente (Casa de la Literatura Peruana, 2017).
- ↑ Giuliana Borea and Rember Yahuarcani: Amazonian Waterway, Amazonian Water-Worlds: Rivers in Government Projects and Indigenous Art, S. 109.
- ↑ Oscar G. Pamo Reyna: De La Selva, Su Pintor: Harry Pinedo Valera, in: Acta Herediana Vol. 60, abril – setiembre 2017, S. 83ff.
- ↑ healing. Begleitheft zur Ausstellung Leben im Gleichgewicht des Weltkulturen Museums Frankfurt am Main, S. 17.
- ↑ Harry Pinedo – Estéticas amazónicas: Artistas indígenas urbanos y la defensa del buen vivir, Youtube-Video des Centro Amazónico de Antropologia (CAAAP).
- ↑ Oscar G. Pamo Reyna: De La Selva, Su Pintor: Harry Pinedo Valera, in: Acta Herediana Vol. 60, abril – setiembre 2017, S. 83.
- ↑ Katalog zur Ausstellung Place-Making, World-Making: Three Amazonian Indigenous Artists, S. 13ff.
