Institut Supérieur de l’Aéronautique et de l’Espace

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kategorie Héichschoulinstitut
Dréier staatlech
Grënnerdatum 2007
Standplaz vun der Ariichtung Toulouse, Frankräich
Art vu Fuerschung ugewante Héichschoul
Studentenzuel 900
Fachgebidder Mathematik, Physik , Sproochen
Leedung Andreas Quirrenbach
Homepage www.isae.fr/fr/index.html

D'Institut supérieur de l’aéronautique et de l’espace (ISAE) ass eng franséisch Ingenieurschoul (grande école). Si bilt am Zäitraum vun dräi Joer Loftfaart-Ingenieure aus. Si ass eng Kombinatioun vun der École Nationale Supérieure de l'Aéronautique et de l'Espace (SUPAERO/ENSAE) an der École nationale supérieure d’ingénieurs de constructions aéronautiques (ENSICA). D'Vereenegung war am Summer 2007.

École Nationale Supérieure de l’Aéronautique et de l’Espace[änneren | Quelltext änneren]

D'École Nationale Supérieure de l’Aéronautique et de l’Espace (National Héichschoul fir Loft- a Raumfaart) oder ENSAE, och bekannt ënner der Ofkierzung Supaéro, ass eng vun de renomméiersten Héichschoulen fir Ingenieure am Frankräich. Déi am Verglach zu däitschen Ingenieursstudiengängn zimlech allgemeng gehalen Ausbildung dauert normalerweis dräi Joer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1909 huet den Ingenieursoffizéier Jean-Baptiste Roche zu Paräis d'École Supérieure d’Aéronautique et de Constructions Mécaniques gegrënnt. Si sollt de séiere Gebrauch un Ingenieuren vun der wuesender Loftfaartindustrie decken. 1930 gouf si École Nationale genannt an dréit zanter 1972 hiren aktuelle Numm.

Zanter dem Joer 1968 steet d'Supaéro zu Toulouse, souwuel industriell wéi och wëssenschaftlech eng vun de wichtegste Loft- a Raumfaartplazen vun Europa. Ugegliddert un d'Héichschoul sinn d'Fuerschungsariichtungen vum Centre d’Études et de Recherche de Toulouse (CERT), deen elo zu der ONERA (Office National d’Études et de Recherches Aérospatiales) gehéiert. Hei gëtt Fuerschung am Beräich Loftfaart, Raumfaart a Rëschtung bedriwwen.

Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

No der zweejähregen Classe Préparatoire (Virbereedungsschoulen fir d'Studium an Grandes Écoles) ginn d'Studenten fir den dräijähregen Diplomstudiengank duerch e Concours (Ranking no nationale Prüfungen) ausgewielt. Dat éischt Studiejoer ass allgemeng gehalen, et ginn haaptsächlech Mathematik a Physik ënnerriicht. Am zweete Joer gëtt d'Ausbildung méi spezifesch a Richtung Loft- a Raumfaart, bitt awer verschidden, och net-technesch-naturwëssenschaftlech Wielméiglechkeeten. Den Ofschloss bilt am drëtte Joer ee mat enger däitscher Diplomsaarbecht vergläichbare Projet de Fin d’Études (PFE). Während dem ganze Studium mussen zwou Friemsproochekure beluecht ginn (eng dovunn Englesch), an den éischte béide Joren gëtt et doriwwer eraus Kultur- a Sportunterricht.

Nom zweete Joer gëtt et d'Méiglechkeet, en eejähregt Praktikum z'absolvéieren. Dëst kann, wann et bestëmmten Ufuerderungen erfëllt, als PFE unerkannt ginn. Et kann och en eejoregt Auslandsstudium (Substitutioun) oder e zweejoregt Duebeldiplomprogramm op enger vun den Partnerhéichschoulen (ënner anerem d'Universitéit Stuttgart, RWTH Aachen, TU Berlin) absolvéiert ginn. Genee esou begréisst d'Supaéro all Joer eng Dozen auslännesch Studenten.

Den Ofschloss vun der Supaéro ass besonnesch a Frankräich ganz héich ugesinn. D'Absolventen gi virun allem an Féierungspositiounen agesat. Déi breet an allgemeng Ausbildung féiert dozou, datt 50 % vun hinnen an aner Branchen wéi zum Beispill d'Finanzwiesen schaffen.

De Campus[änneren | Quelltext änneren]

De Campus vun der Supaéro läit zu Rangueil um Canal du Midi an ass vun den Héichschoulen ENAC an dem INSA souwéi der Universitéit Paul Sabatier ëmginn. Nieft dem Hörsallgebäi an de Laboren gëtt et ëmfangräich Sportariichtungen an dräi Studentewunnheimer, déi an 470 Zëmmern de gréissten Deel vun de Studenten ophuelen.

Fréier Studenten (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]