Institut de France

Vu Wikipedia
Institut de France, gesinn vun der Pont des Arts
Agank zum Institut de France
Kuppel vum Institut de France

Den Institut de France ass eng wëssenschaftlech Vereenegung a Frankräich mat Sëtz am Collège des Quatre Nations zu Paräis. Et gouf no der Opléisung vun de kinneklechen Akademië wärend der Franséischer Revolutioun am Joer 1795 als Institut National des Sciences et Arts als Daachorganisatioun an iewescht Organ vun den neien, elo staatlechen Akademien gegrënnt a vereent haut fënnef Organisatiounen:

Un der Spëtzt vum Institut de France steet als President de Rektor vun der Académie française.

Den Institut de France gëtt vu Privatentreprisen an Eenzelpersoune gesponsert a gëtt all Joer Publikatiounen iwwer d'Akademien an déi wëssenschaftlech Gesellschaften eraus. Besonnesch gefleegt gëtt déi naturwëssenschaftlech a naturgeschichtlech Fuerschung vum Collège de France a vum Musée national d'histoire naturelle.

Den Institut de France gëtt och en ettlech Präisser eraus, dorënner den Osiris-Präis, den D'Animale-Präis an de Jaffe-Präis.

Kulturgutt vum Institut de France an den ungeschlossenen Akademien[änneren | Quelltext änneren]

Den Institut de France an déi him ugeschlossen Akademië verwalten dës Stëftungen:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Institut de France – Biller, Videoen oder Audiodateien