Op den Inhalt sprangen

Institut supérieur de l'aéronautique et de l'espace

Vu Wikipedia
KategorieHéichschoulinstitut
Dréierstaatlech
Grënnerdatum2007
Standplaz vun der AriichtungToulouse, Frankräich
Art vu Fuerschungugewante Héichschoul
Studentenzuel900
FachgebidderMathematik, Physik , Sproochen
LeedungAndreas Quirrenbach
Homepagewww.isae.fr/fr/index.html

Den Institut supérieur de l'aéronautique et de l'espace (ISAE) ass eng franséisch Ingenieursschoul (grande école). Si bilt am Zäitraum vun dräi Joer Loftfaart-Ingenieuren aus. Et ass eng Kombinatioun vun der École Nationale Supérieure de l'Aéronautique et de l'Espace (SUPAERO/ENSAE) an der École nationale supérieure d'ingénieurs de constructions aéronautiques (ENSICA). D'Vereenegung war am Summer 2007.

École nationale supérieure de l'aéronautique et de l'espace

[änneren | Quelltext änneren]

D'École nationale supérieure de l'aéronautique et de l'espace (National Héichschoul fir Loft- a Raumfaart) oder ENSAE, och bekannt ënner der Ofkierzung Supaéro, ass eng vun de renomméiersten Héichschoule fir Ingenieure am Frankräich. Déi am Verglach zu däitschen Ingenieursstudiengängn zimmlech allgemeng gehalen Ausbildung dauert normalerweis dräi Joer.

1909 huet den Ingenieur an Offizéier Jean-Baptiste Roche zu Paräis d'École supérieure d'aéronautique et de constructions mécaniques gegrënnt. Si sollt séier Ingenieuren an der wuessender Loftfaartindustrie ausbilden. 1930 gouf se als École Nationale vum Staat iwwerholl, an dréit zanter 1972 hiren aktuellen Numm.

Zanter 1968 ass d'Supaéro zu Toulouse, souwuel industriell wéi och wëssenschaftlech eng vun de wichtegste Loft- a Raumfaartplaze vun Europa. Ugegliddert un d'Héichschoul sinn d'Fuerschungsariichtunge vum Centre d'études et de recherche de Toulouse (CERT), deen elo zum ONERA (Office national d'études et de recherches aérospatiales) gehéiert. Do gëtt Fuerschung am Beräich Loftfaart, Raumfaart a Rëschtung bedriwwen.

Am Juni 2025 huet d'Schoul, zesumme mat der ENAC, d'Toulouse School of Aviation and Aerospace Engineering gegrënnt.[1]

No der zweejäreger Classe préparatoire (Virbereedungsschoule fir de Studium a Grandes écoles) ginn d'Studenten fir den dräijäregen Diplomstudiegank mat engem e Concours (Ranking no nationale Prüfungen) erausgesicht. Dat éischt Studiejoer ass allgemeng gehalen, et gëtt haaptsächlech Mathematik a Physik ënnerriicht. Am zweete Joer gëtt d'Ausbildung méi spezifesch a Richtung Loft- a Raumfaart, bitt awer verschidden, och net-technesch-naturwëssenschaftlech Wielméiglechkeeten. Den Ofschloss bilt am drëtte Joer ee mat enger däitscher Diplomsaarbecht vergläichbare Projet de fin d'études (PFE). Wärend dem ganze Studium mussen zwéi Friemsproochecourse beluecht ginn (een dovun Englesch), an den éischte béide Jore gëtt et doriwwer eraus Kultur- a Sportsunterrecht.

Nom zweete Joer gëtt et d'Méiglechkeet, en eejärege Praktikum z'absolvéieren. Dee kann, wann e bestëmmt Ufuerderungen erfëllt, als PFE unerkannt ginn. Et kann och en eejäregen Auslandsstudium (Substitutioun) oder en zweejäregen Duebeldiplomprogramm op enger vun de Partnerhéichschoulen (ënner anerem d'Universitéit Stuttgart, RWTH Aachen, TU Berlin) absolvéiert ginn. Genee sou begréisst d'Supaéro all Joer eng Dozen auslännesch Studenten.

Den Ofschloss vun der Supaéro ass besonnesch a Frankräich ganz héich ugesinn. D'Absolvente gi virun allem a Féierungspositiounen agesat. Déi breet an allgemeng Ausbildung féiert dozou, datt 50 % vun hinnen an aner Branchë wéi zum Beispill am Finanzwiese schaffen.

De Campus vun der Supaéro läit zu Rangueil um Canal du Midi an ass vun den Héichschoulen ENAC an den INSA souwéi der Universitéit Paul Sabatier ëmginn. Nieft dem Virliesungsgebai an de Laboratoirë gëtt et ëmfangräich Sportariichtungen an dräi Studentewunnheemer, déi a 470 Zëmmern de gréissten Deel vun de Studenten ophuelen.

Fréier Studenten (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

  1. L'Enac et l'Isae-Supaero mettent leur recherche aéronautique en commun