Instituto Camões

Vu Wikipedia

Den Instituto Camões (ofgekierzt: IC) ass eng ëffentlech kulturell Institutioun vum Portugisesche Staat, déi 1992 gegrënnt gouf fir d'portugisesch Sprooch weltwäit ze fërderen. Si ass administrativ a finanziell onofhängeg. Den Numm erënnert un de portugiseschen Nationaldichter Luís de Camões.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Instituto Camões gouf 1992 gegrënnt an ass d'Nofollgerinstitut vun enger Rei aner Etablissementer vum portugisesche Staat, vun deenen dat éischt 1929 an d'Liewe geruff gouf. Ufanks stoung den IC nach ënner der Tutelle vum Educatiounsministère, 1994 ass en dunn awer bei den Ausseministère transferéiert ginn.

D'offiziell Missioun vum Instituto Camões ass d'Verbreeden an d'Ënnerrichte vun der portugisescher Sprooch a Kultur am Ausland an d'Fërdere vum Portugiseschen als international Kommunikatiounssprooch. Si verwalt och d'Netzwierk vum Enseignement vum Portugiseschen am Ausland, dat sech ënner anerem ëm déi direkt Coursen, d'Fortbildung an d'Formation à distance këmmert.

Den Instituto Camões ass an 72 Länner aktiv an ënnerhält 19 Kulturzentren, dorënner de Centro Cultural Português no Luxemburgo zu Lëtzebuerg, 49 Poler fir Weiderbildung fir Professeren a 60 Sproochenzentre mat ëm déi 1.170 Proffen an 155.000 Schüler.

Zu Lëtzebuerg ass den IC an de selwechte Raimlechkeete wéi de Centro Cultural Português um Boulevard Royal.[1]

Kulturzentre vum Instituto Camões an der Welt[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Instituto Camões op editus.lu