International Federation of Football History & Statistics

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'International Federation of Football History & Statistics (ofgekierzt IFFHS) ass en Amateurstatistik-Veräin zum Theema Foussball, deen de 27. Mäerz 1984 zu Leipzig gegrënnt gouf. Mëttlerweil ass en op Bonn geplënnert an ass am kinneklech-dänesche Staatsbüro registréiert.

D'Membere vun der IFFHS sinn eeler Foussballfans aus aller Häre Länner mat méi oder wéineger groussem Fachwëssen, déi sech an engem Veräin zesummegedongen hu fir eng chronologesch Dokumentatioun vum internationale Foussball an den authentesche Weltrekorder an alle Beräicher vum Foussball opzesetzen. All Joer wiele se intern déi hirer Meenung no Beschten am Foussballdomän.

De Sënn an Zweck vun där Amateursorganisatioun gëtt a Fachkreesser ëmmer erëm ugezweifelt, wat awer net verhënnert, datt jiddwereen dee vun hir jee eng Kéier zum "Beschte" gewielt gouf, deen Titel gär a säi Liewenslaf mat eranhëlt a sou indirekt Reklamm fir d'IFFHS an hir Publikatiounen zum Theema Foussball mécht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]