Interplanetaresche Stëbs

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Als interplanetaresche Stëbs bezeechent een d'Matière aus eisem Sonnesystem mat Massen ënner 10−8 kg an engem Radius, dee méi kleng ass wéi 100 µm. Déi wahrscheinlech wichtegst Quell fir interplanetaresche Stëbs sinn Koméiten a Brochstécker, déi bei Zesummestéiss vu gréissere Deelercher entstinn. Ausserdeem kënnen, wann Deelercher ze no bei d'Sonn kommen, Matièrestécker ofdampen. D'Stëbsdeelercher bleiwen net éiweg am Sonnesystem. Ganz kleng Stëbsdeelercher dinn duerch de Stralungsdrock vum Sonneliicht no bausse gedriwwen, gréisser Deelercher kommen duerch de Poynting-Robertson-Effet ëmmer méi no bei d'Sonn a verdämpen do.

Mat Hëllef vu Stëbsdetekteren op Satellitten kann den interplanetaresche Stëbs analyséiert ginn. E puer vun dësen Deelecher enthalen ë. a. Polyzyklesch Aromatesch Kuelewaasserstoffer. Deelweis kënnen och Stëbdeelecher vu Fliger an ongeféier 20 km Héicht opgesammelt ginn, wéi dat bis elo op der Äerd net nogewisent Mineral Brownleeit. Weider Analysméiglechkeete sinn d'Ënnersich vu mikroskopesche Krater um Äerdmound an d'Obervatioune mat Satellitten am Infraroutberäich.

All Dag treffe ronn 10 Tonne Matière a Form vu Mikrometeoriten op eis Äerd. Well de Loftwiderstand bei klengen Deelercher géintiwwer der Gravitatioun méi grouss ass, vergléien dës net an der Atmosphär mä si schwiewen op de Buedem, sinn do awer schwéier vun terrestreschem Stëbs z'ënnerscheeden.

Eng interplanetaresch Stëbsusammlung op enger Distanz vu ronn 2,5 AE vun esier Sonn ass verantwortlech fir d'Phenomen vum Zodiakalliicht, wat d'Sonneliicht iwwer de Stëbs reflekétiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • [1] Ahnert-Rohlfs E. (1954) Vorläufige Mitteilung über Versuche zum Nachweis von Meteoritischem Staub, Matdeelung vum Observatoire Sonneberg 45

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]