Interstellare Raum

Vu Wikipedia

Den interstellare Raum (interstellar: "tëscht de Stären") ass dat stärewäit Weltraumgebitt bannent enger Galaxis.

An dësem Gebitt sinn déi stärenno Raim (Heliosphär) ëm d'Stären, am Fall vun der Sonn vum interplanetaresche Raum vum Planéitesystem, agestreet. Baussenzeg vun de Galaxië läit den intergalaktesche Raum.

D'Grenz tëscht interplanetarem an interstellarem Raum gëtt duerch d'Heliopaus definéiert, un där de Sonnewand vun der interstellarer Matière ofgebremst gëtt. De geneeën Ofstand vun dësem Grenzberäich vun der Sonn ass bis elo net bekannt; hie gëtt op déi véierfach Distanz vum Pluto (gutt 16 Milliarde Kilometer) geschat.

En Opschloss iwwer d'Gréisst vun der Heliosphär an d'Bedingungen an der Heliopaus gëtt vun de Raumsonde Pioneer 10, Pioneer 11, Voyager 1 an Voyager 2 erwaart, déi déi Regioun méiglecherweis am Joer 2020 erreechen a Moosswäerter matdeele kéinten. (Interstellar Raumfaart)

Analog gëtt d'Grenz tëscht interstellarem an intergalakteschem Raum duerch een no bausse gedriwwene galaktesche Gasstroum definéiert, deen am baussenzege Beräich vun de Galaxië mat der intergalaktescher Matière eng Grenzschicht mécht.

Reesen duerch den interstellare Raum sinn e beléift Theema vun der Science-Fiction. Technesch ze realiséiere si sou Projeten nach net wéinst den enormen Distanzen an eisen ierdeschen Technologien, déi net genuch entwéckelt sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]