Investmentfongen

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sammelnumm fir Investmentfongen ass haut: Organismes de placement collectif: (OPC). Si ëmfaassen:

  • déi oppe Fonge mat engem variable Portefeuille (SICAV) an
  • déi zoue Fongen a Form vun Investmentgesellschaften (SICAF).

Oppe Fonge stellen eng Form vu Copropriétéit duer a ginn duerch eng sougenannt Managementgesellschaft geréiert, déi Wäertpabeiere fir den eigentleche Fong keeft oder verkeeft, opgrond vun der Zuel vun Zertifikaten, déi am Ëmlaf sinn. D'Investmentfonge sécheren eng besser Risikoverdeelung bei Placementer. Si si meeschtens spezialiséiert op Placementer an eenzele Länner oder an eenzele Branchen. En Ënnerscheed gëtt gemaach tëscht Aktiefongen an Obligatiounsfongen. Et bestinn och Daachfongen, déi nëmmen Zertifikaten, oder Aktie vun anere Fongen an hirem Portefeuille hunn.

Verschidde Finanzplazen, wéi Lëtzebuerg si spezaliséiert an der Domiciliatioun a Gestioun vun Investmentfongen.