Op den Inhalt sprangen

Ion Iliescu

Vu Wikipedia
Ion Iliescu
Funktioun
2. President vu Rumänien
20. Juni 1990 - 29. November 1996
Virgänger Nicolae Ceaușescu
Nofollger Emil Constantinescu
4. President vu Rumänien
20. Dezember 2000 - 20. Dezember 2004
Virgänger Emil Constantinescu
Nofollger Traian Băsescu
Biographie
Gebuer 3. Mäerz 1930
Oltenița
Gestuerwen 5. August 2025
Bukarest
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Rumänien
Educatioun Lomonossow-Universitéit
Gielercher Wäissen Aadleruerden, Kinnekleche Seraphinenuerden, Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen
Bestuet mat Nina Iliescu (21.7.1951–)

De Ion Iliescu, gebuer den 3. Mäerz 1930 zu Oltenița, a gestuerwen de 5. August 2025 zu Bukarest[1], war e rumänesche Politiker. Hie war vum Dezember 1989 bis 1996 an dann nees vun 2000 bis 2004 President vu Rumänien.

Den Ingenieur Iliescu war vun 1957 bis 1985 e puermol Deputéierten an der Grousser Nationalversammlung vu Rumänien a war vun 1965 bis 1984 Member vum Zentralkommitee vun der Rumänescher Kommunistescher Partei. Vun 1967 bis 1971 war hie Minister fir Jugend vun der Sozialistescher Republik Rumänien, a vun 1979 bis 1980 Member vum rumänesche Staatsrot. Am Laf vun der Revolutioun am Dezember 1989 huet hie sech un d'Spëtzt vum Conseil vun der Front fir d'National Rettung gestallt, deen nom Stuerz vum laangjäregen Herrscher Nicolae Ceaușescu (exekutéiert de 25. Dezember 1989) de Regierungspouvoir iwwerholl huet.

Den Iliescu gouf den 20. Mee 1990 vum Vollek zum Staatspresident gewielt an den 11. Oktober 1992 fir weider véier Joer erëmgewielt. 1992 huet hien d'Partei Frontul Democrat al Salvării Naționale (FDSR) gegrënnt, aus där d'Partidul Democrației Sociale din România (PDSR) a méi spéit d'Partidul Social Democrat (PSD) gouf. 1997 gouf e President vun der PDSR, bis en op en neits 2000 fir véier Joer zum Staatspresident gewielt gouf. Vun 2004 bis 2008 war hie Member vum rumänesche Senat.

 Commons: Ion Iliescu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Former President Ion Iliescu dead at 95 ." AGERPRES,2025-08-05.