Iriséieren

Vu Wikipedia
Iriséierend Uewerfläch vu Seefeblosen

Iriséieren (vun algriichesch ĩris Reebou) ass en optesche Phenomeen, woubäi eng Uewerfläch jee no Perspektiv an aner Faarwen erschéngt.

Grondlagen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch Briechung an Interferenz vum Liicht op dënnen Uewerflächeschichte vun engem Objet schéngt dësen Objet an Faarwe vum Reebou. D'Faarwen hänke vum Observatiounswénkel of. Iriséieren ass bei Perlmuschelen a Seefeblose bekannt. Duerch d'intensiv Farwen gëtt Iriséieren dacks als schéin opgeholl.

Wéinst der Observatiounswénkelofhängegkeet kann Iriséieren net ganz mat konventioneller Fotografie, mä nëmmen duerch Holographie erfaasst ginn.

Biologie[änneren | Quelltext änneren]

An der Biologie ass Iriséiere bei Planzen an Déiere wäit verbreet. De Phenomeen gëtt duerch d'Fiichtegkeet verstäerkt.

Meteorologie[änneren | Quelltext änneren]

Iriséierend Wollek

An der Meteorologie schwätzt ee vun iriséierend Wolleken a Perlmuttwolleken, wann d'Wolleken a Perlmuttfaarwe liichten. D'Iriséieren geschitt hei duerch Interferenz. D'Faarwe sinn vun der Drëps- resp. vun der Äiskristallgréisst an der Aart, wéi d'Liicht afällt, ofhängeg.

Mineralescht Gestengs[änneren | Quelltext änneren]

Labradorit-Trommelsteen

Mineralescht Gestengs (Edelsteng), deenen hiert Iriséieren gutt erauskënnt, si ganz beléift. Duerch Spréng, Rëss oder Zwillingsbildung entsteet eng méi oder manner reegelméisseg Schichtung vum Material, op där sech déi afalend Liichtstrale briechen an iwwerlageren. E besonnesch markéiert, iriséierend Faarwespill a metallesche Glanz huet de Labradorit, bei deem dësen opteschen Effet och als "Labradoriséieren" bezeechent gëtt.

Faarwen a Lacker[änneren | Quelltext änneren]

Synthetesch hiergestallte iriséierend Faarwe, deenen Perlglanzpigmenter bäigeméscht goufen, fannen ënner anerem als Drockfaarwen fir d'Hirstellung dekorativer Opkliewer souwéi als Effetlack an der Automobilbranche hiren Asaz.

Pärelglanz[änneren | Quelltext änneren]

Pärelen
Pauaschuel, eng Aart vun de Abaloneschlecken

Eng speziell Form vun Iriséieren ass de Perlmuttglanz (kuerz: Päreglanz), genannt nom seidege, reeboufaarwege Glanz vun der Pärel. Och hei ass déi reegelméisseg, konzentresch Schichtung vum Perlmutt fir d'Iriséieren verantwortlech.

Metaphoresch[änneren | Quelltext änneren]

An Texter mat besonnesch gehuewenem Sproochgebrauch gëtt d'Wuert "iriséierend" geleeëntlech benotzt, fir séier sech z'eännernd, fluktuéierend, instabil Eegenschafte vu Saachen auszedrécken. Beispiller: "iriséierend-schwiewend Musek", "iriséierend Perséinlechkeet", "iriséierend Sprooch".

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iriséieren – Biller, Videoen oder Audiodateien