Op den Inhalt sprangen

Iris Roseneck

Vu Wikipedia
Iris Roseneck
Gebuer 25. Juli 1967
Quierschied
Alter 59 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schéisserin

D'Iris Roseneck oder Iris Kremer-Roseneck, gebuer de 25. Juli 1967 zu Quierschied am Saarland (Däitschland)[1] ass eng fréier lëtzebuergesch Schéisserin an Olympionickin.[2]

Sportlech Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

D'Iris Roseneck huet 1981 mam Sportschéissen ugefaangen a war beim Sport-Schéiss-Club Kayl lizenzéiert[3].

Fir d'Olympesch Summerspiller 1996 zu Atlanta hat si sech net qualifizéiert, konnt awer mat enger Wildcard un de Spiller deelhuelen. Mam Loftgewier koum si ënner 49 Konkurrentinnen aus 30 Natioune mat 387 Réng op d'Plaz 31.[4]

D'Iris Roseneck ass mam Schéisser Claude Kremer bestuet; si krut 1992 déi Lëtzebuerger Nationalitéit.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Olympedia – Iris Kremer-Roseneck. www.olympedia.org. Gekuckt de 24.06.2024.
  2. ↑ Iris Roseneck op der Websäit vun der 'Association Luxembourgoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt de 04.01.2011.
  3. ↑ (de) Jos Mersch, Historique. SPORT-SCHÉISS-CLUB KAYL (24.01.2024) Archivéiert de 25.04.2025. Gekuckt de 24.06.2024.
  4. 1 2 Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S.84-85. ISBN 978-2-9599734-5-1