Iron Man (Comics)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Qsicon Ueberarbeiten.svg Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Nuvola apps edu miscellaneous.png D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critère fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.
Iron Man
Iron Man Comic Con 1.jpg
Createur Stan Lee, Jack Kirby
Ass en(g) Superheld, Comicfigur, fiktive Mënsch
Geschlecht männlech
Gebuer Manhattan
Aktivitéit Erfinder, Geschäftspersoun
Ausgesinn
Hoerfaarf schwaarz
Aefaarf blo
Gréisst 1,85 m
Gewiicht 102 kg
Famill
Bestuet mat keng
Liewenspartner(in) Captain America
Universum
Aus Marvel Universum
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Iron Man (Eisene Mann), mat sengem richtegen Numm, Anthony Edward Stark oder nach bekannt als Tony Stark, ass e fiktive Superheld vum Marvel Universum, wat selwer vu Marvel Comics erfonnt gouf. De bekannten amerikaneschen Dréibuchauteur an Zeechner Stan Lee huet den Iron Man erfonnt, deen duerno vu sengem Brudder Larry Lieber developpéiert gouf a vun den Artisten Don Heck an Jack Kirby entworf gouf. Den Iron Man erschéngt eng éischt Kéier am Mäerz 1963, am Comicsbuch Tales of Suspense (vol. 1) #39, wat vum Larry Lieber geschriwwen a vum Don Heck gezeechent gouf.

Eréischt 1968, krut den Iron Man säin eegent Comicbuch, The Invincible Iron Man. Den Iron Man gouf wärend den kalen Krich erfonnt, dofir huet hie ganz am Ufank vun senger Existenz géint Kommuniste gekämpft, méi dacks wéi all seng Superheldekolleege vu Marvel Comics. Mat der Zäit ass d'Iddi fir d'Kommunisten ze bekämpfen manner zentral ginn, an hien huet ugefaange lues a lues den technologeschen Typ vu Béisen ze bekämpfen. Den Iron Man ass een Superheld, den Tony Stark ass awer nëmmen een normalen Mënsch. Wat mëscht den Tony Stark een Held ? Den Tony Stark ass 1m85, hien huet keng Superkräften. Hien ass awer ee ganz gescheite Mënsch, hien huet een eisenen an héich technologesche Kostüm erfonnt a gouf dunn den Iron Man.