Ironie

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Ironie ass an der Literatur souwéi an der Rhetorik e bewosste Konschtgrëff, fir enger Ausso en "duebele Buedem" ze ginn.

D'Ironie riicht sech un erwuesse Lieser oder Nolauschter, well Kanner eréischt am Gaang sinn, semantesch Zesummenhäng an hiert vernetzt Denken no an no "anzebauen".

Sokratesch Ironie[änneren | Quelltext änneren]

D'Sokrates-Dialogen, déi vum Platon notéiert goufen, sinn d'Ironie an hir Bedeitung gutt z'erfaassen. Besonnesch de Gorgias- an de Protagoras-Dialog weisen, wéi de Sokrates et fäerdegbréngt, seng dialektesch "Géigner" duerch Froen dozou ze kréien, datt déi mierken, datt hiert "Wëssen" an hir "Iwwerzeegungen net vill op d'Wo bréngen.

Ironie op der Bün[änneren | Quelltext änneren]

An dem Aristophanes senge Kaméidistécker ass d'Figur vum "Déifstapler" ze fannen.

Ironie als Waff[änneren | Quelltext änneren]

An Diktature spillt d'Ironie eng speziell Roll, well vill Kënschtler an hire Wierker d'Ironie benotzen, fir hir Iddien "anzepaken". E gutt Beispill sinn déi ungaresch, polnesch, tschechesch a polnesch Filmregisseuren an de leschte Joren ënner der kommunistescher Zensur.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Platon: Platon. Sämtliche Dialoge. Band 1, 1988, Hamburg, Felix Meiner Verlag, iwwerdroe vum Otto Apelt. Am Band 1 sinn ë. a. de Protagoras- an de Gorgias-Dialog ze fannen.