Irregulär Galaxis
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Irregulär Galaxien, d. h. onreegelméisseg Galaxien, hu weder Spiraläerm, wéi d'Spiralgalaxien, an hunn och keng elliptesch Form wéi elliptesch Galaxien. Si loosse sech dofir net an d'Hubble-Sequenz areien, mä maachen eng Extraklass, déi mat Ir oder Im (engl.) ofgekierzt gëtt. Hinne feelt och e Galaxiëkär, se hunn dofir awer onreegelméisseg verdeelt kleng Verdichtungen. Si hunn och manner Mass (tëscht 700 Mio. an 130 Mrd. Sonnemassen[1]) an en däitlech méi klengt Gravitatiounspotential wéi regulär Galaxien.
Irregulär Galaxië sinn an der Moyenne méi liichtschwaach wéi regulär Galaxien an hu vill Gas, Stëbs a jonk Stären, déi och onreegelméisseg verdeelt sinn.
Déi bekanntst Vertrieder vun där Aart sinn déi zwou Magellanesch Wolleken
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Joachim Krautter et al.: Meyers Handbuch Weltall, 7. (nei opgemaachen) Oplo, ISBN 3-411-07757-3, S. 469, 470
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Irregular galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien |