Isabelle Bernard-Lesceux

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Historikerin Isabelle Bernard-Lesceux. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Bernard.
Isabelle Bernard-Lesceux
Gebuer 26. Februar 1959
Bukavu
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker


D'Isabelle Bernard-Lesceux, gebuer de 26. Februar 1959 zu Bukavu, deemools Costermansville, am Kongo, ass eng belsch Historikerin, déi am Kader vum Nationalitéitegesetz vun 2009 Lëtzebuergerin ginn ass.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Si huet d'éischt zu Namouer, op de Facultés Notre-Dame de Namur / FNDN, an duerno zu Louvain-la-Neuve, op der Université catholique de Louvain / UCL, Geschicht studéiert. Hir Spezialitéit ass d'Antiquitéit (Etrusker a Réimer). Si huet wärend 25 Joer am Secondaire enseignéiert, an zwar 10 Joer zu Differt an der Belsch, a 15 Joer am Lycée Vauban an der Stad. Zanter e puer Joer gëtt si sech éischter mam Patrimoine a mat Lokalgeschicht am Weste vum Lëtzebuerger Land of. Si ass als responsabel Historikerin fir d'"Sauvegarde du patrimoine et animation culturelle au moulin de Beckerich" zoustänneg. D'Isabelle Bernard-Lesceux ass donieft och Éierepresidentin vum "Piconrue-Musée - Musée de la Grande Ardenne" zu Baastnech.

D'Isabelle Bernard-Lesceux war mam Jean Bernard (†) bestuet, ass Mamm vun zwéi Jongen a wunnt zu Uewerpallen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • L'école au village: l'exemple d'Oberpallen ; in: Hémecht, Jg. 49 (1997), H. 4, Ss. 523-561.
  • Les moulins de l'abbaye noble de Notre-Dame de Clairefontaine ; in: Hémecht, Jg. 53 (2001), H. 2, Ss. 135-205; H. 3, Ss. 389-465; H. 4, Ss. 545-600.
  • Former et informer: l'avenir par le passé: réflexions sur l'enseignement de la Seconde Guerre mondiale aujourd'hui ; in: ... et wor alles net esou einfach: Questions sur le Luxembourg et la Deuxième Guerre mondiale: contributions historiques accompagnant l'exposition. - Fragen an die Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg: ein Lesebuch zur Ausstellung ; erausgi vum Musée d'histoire de la ville, Lëtzebuerg, 2002; Ss. 318-323 (Publications scientifiques du Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg; Bd. X).
  • Les archives privées du moulin de Beckerich ; 2 Bänn (220 & 171 Säiten); Uewerpallen, 2002-2003.
  • Le moulin de Beckerich. Sept siècles d'histoire: évolution socio-économique d'une activité rurale ; erausgi vun der Gemeng Bieckerich, 2003; 187 Ss. (mat engem Virwuert vum Buergermeeschter Camille Gira).
  • Coordinatrice vum Sammelwierk, Notre-Dame de Luxembourg - Dévotion et patrimoine erauskomm bei Geleeënheet vun der Ausstellung mam selwechten Numm; Editeur: Musée en Piconrue Baastnech, 2016.
  • Les images de Notre-Dame de Luxembourg: outils de propagande de la foi et symboles identitaires de l'histoire du Luxembourg?; in: Du Piconrue à la Grande Ardenne - Hommage à André Neuberg; Baastnech (Piconrue - Musée de la Grande Ardenne), 2020; Ss. 64-91 (ill., Bibliogr.). - ISBN 978-2-930875-07-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]