Israeelesche Consistoire
Den Israeelesche Consistoire (Consistoire central israélite) gouf am Joer 1808 vum Napoleon Bonaparte als Organisatioun vun der jiddescher Konfessioun am deemolege Frankräich geschaf.
Den Israeelesche Consistoire vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
Duerch déi politesch Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg am Joer 1839 gëtt och de culte israélite onofhängeg vum deemolge Rabbinat vun Tréier. Duerch e ministerielle Beschloss gouf den Israeelesche Consistoire vu Lëtzebuerg gegrënnt mat als President de Pinchas Godechaux, a mat engem Rabbiner an zwéin Tresorieren, den Abraham Cahen an de Samuel Nathan.
Dës Institutioun huet bis haut als Aufgab déi jiddesch Gemeinschaft an den Israeelesche Kult ze verwalten. Duerch d'Gesetz vum 10. Juli 1998 ass den Israeelesche Consistoire vu Lëtzebuerg als personne juridique de droit public unerkannt[1]. De Consistoire huet säi Sëtz an der Stater Synagog.
Aner jiddesch Veräiner an Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]
Ausser dem Consistoire gëtt et eng ganz Rei aner Gruppéierungen an Organisatiounen. Dozou gehéiert zum Beispill d'Scoutstrupp EEIL. Déi Ofkierzung steet fir Eclaireuses Eclaireurs Israélites au Luxembourg. Dobäi handelt et sech ëm eng Trupp, déi 2010 gegrënnt gouf an Aktivitéiten - vu Spillnomëtteger bis Campe mat "verbridderten" Guiden a Scouten aus Frankräich- ubitt, fir Kanner vu 6 bis 18 Joer.
Donieft gëtt et awer och eng ganz Rei aner Associatiounen. Sou zum Beispill B'nai B'rith, déi 1843 gegrënnt gouf an ursprénglech jiddeschen Immigranten an Amerika zur Säit sollt stoen. Sou ass eng vun deenen éischte karitativen an solidareschen Hëllefsorganisatiounen entstanen. Hir Ziler sinn et bis haut sech géint Antisemitismus a Rassismus, a fir Fräiheet, Demokratie an d'Mënscherechter anzesetzen. Donieft mécht si sech fir d'Ënnerstëtzung vu Konscht, Kultur a Wëssenschafte staark. E weidere Punkt, dee si sech op de Fändel geschriwwen huet, ass d'Verdeedege vun der Existenz vum Staat Israel.
Eng aner Associatioun ass d'Chewrah Kaddisha, där hiren Ursprong net genee bekannt ass, mä déi warscheinlech schonn am 16. Joerhonnert gegrënnt gouf. Dobäi handelt et sech ëm eng Grupp, déi sech nom Doud vun engem Member vun der jiddescher Communautéit drëms këmmert, datt de Verstuerwenen no de reliéisen a moralesche Virschrëfte behandelt gëtt. Dat ëmfaasst souwuel Wäschen, Undoen, wéi och déi entspriechend Gebieder. Fréier huet sech d'Chewrah och ëm d'Wuecht beim Doudege gekëmmert, wa keng Famill méi do war, fir déi Charge z'iwwerhuelen.
Den 1991 gegrënnte Comité Auschwitz setzt sech zanter senger Grënnung géint d'Vergiessen (haaptsächlech vun den Dote vum Zweete Weltkrich), Rassismus, Antisemitismus an Xenophobie an. Fir dës Ziler z'erreechen organiséiert en zum Beispill Konferenzen an Ausstellungen an ass donieft awer och a pedagogesche Projeten engagéiert.
2005 huet d'Ministesch Marie-Josée Jacobs eng Crèche fir Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer ageweit. Si erlaabt et den Elteren, haaptsächlech jiddeschen, hire Kanner e koschere Kascht ze bidden. E weideren Deel hëlt d'Groupe des 35 an. Dobäi handelt et sech ëm eng 1978, zesumme mat der entspriechender englescher Gruppéierung, gegrënnten Initiativ. An dem Joer hu sech 35 35-järeg Jiddinnen zu London virun enger Ambassade ugekett an hu manifestéiert, fir enger anerer 35 Joer aler Jiddin, déi wéinst hirem Glawen agespaart war, de Kontakt zu hirer Famill z'erméiglechen. Aus där Aktioun ass eng Grupp entstanen, déi sech fir jiddesch Matbridder an Nout, dorënner an der UdSSR an duerno an der Ex-UDSSR, asetzt. Well do och haut nach Judde Schwieregkeeten hunn, hire Glawen ze liewen an an Aarmut liewen, engagéiert sech d'Groupe des 35 fir mat hiren Aktiounen der materieller Nout entgéint ze wierken.
D'Initiativ Keren Kayemeth Leisraël setzt sech säit 1901 fir "d'Remise en Valeur" vu Lännereien an Israel an. Sou planze si zum Beispill 4 Millioune Beem d'Joer, setzen Infrastrukturen a Stand a baue Stroossen duerch biergesch a wüstenähnlech Regiounen, Parken, Waasserreservoiren a Staudämm fir d'Waasserversuergung ze verbesseren.
D'Haaptzil vum Chabad Lubavitch Zentrum an der Stad ass et, souwuel de Judde vu Lëtzebuerg, wéi awer och israeeleschen Touristen eng Plaz ze bidden, wou si sech an engem häerzleche Kader kënne begéinen. Donieft gëtt et och eng Offer, déi sech un all Intresséiert, onofhängeg vun der reliéiser Iwwerzeegung, riicht. Heibäi ginn déi verschiddenst Coursen ugebueden, wou sech zum Beispill mat jiddescher Bildung beschäftegt gëtt. Hëllef an Ënnerstëtzung bei all méigleche Froen, déi sech rondrëm dat jiddescht Liewe stellen, ginn ugebueden. Dirigéiert gëtt des Initiativ vun der Famill Edelmann.