Italienesch Kricher

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Politesch Landkaart vun Italien ëm 1494.

D'Italienesch Kricher waren eng Rei vu Konflikter vu 1494 bis 1559, déi sech zum gréissten Deel um Gebitt vum haitegen Italien ofgespillt hunn. Nieft alle gréisseren europäesche Staate waren och bal all italienesch Staaten an souguer d'Osmanescht Räich doru bedeelegt. An Allianzen, déi ëmmer nees gewiesselt hunn, goufen zimlech ënnerschiddlech Krichsziler verfolleg. Zu de Kricher koum et duerch en dynastesche Konflikt ëm d'Kinnekräich Neapel, deen an engem europäesche Muechtkampf tëscht dem franséische Kinnekshaus Valois an den Habsburger eskaléiert ass. D'Kricher si 1559 mam Fridde vu Cateau-Cambrésis zugonschte vu Spuenien op en Enn gaangen.

Avant que Charles, roi de France, ne passât en Italie, cette province était sous l'empire du pape, des Vénitiens, du roi de Naples, du duc de Milan et des Florentins. Ces potentats devaient avoir deux soucis principaux: l'un, qu'un étranger n'entrât pas en armes en Italie, l'autre, qu'aucun d'entre eux n'agrandît son état. Ceux dont on se souciait le plus étaient le pape et les Vénitiens.1

D'Kinnekräich Italien, wat nom Enn vum Karolingesche Räich entstane war, ass schonn am 10. Joerhonnert ënner d'Virherrschaft vum däitsche Keeser Otto I. geroden. An dësem däitsch-italienesche Groussräich hu sech de Poopst an de Keeser ëm d'Virherrschaft gestridden2. Dës Streidereien hunn an den italienesche Gemengen de Géigesaz tëscht Ghibellinen a Guelfen zur Folleg gehat. No an no hu sech déi italienesch Stadstaate vun der Virherrschaft vum Hellege Réimesche Räich lassgerappt3, sinn duerno awer duerch Kämpf tëscht verschiddenen Adelsfamilljen ënner d'Herrschaft vun eenzelne Fürste geroden. Dës Fürsten hu versicht, hir Muecht an hiren Aflossberäich duerch Sëldnerarméien (Condottieri) z'erweideren. Déi Entwécklung huet sech bis zum Fridde vu Lodi (1454) konsolidéiert, dee versicht huet, e Gläichgewiicht (wann och labil) tëscht den onofhängegen italienesche Staaten ze schafen.

Vun Norden no Süden huet sech Italien an der Renaissance folgendermoosse presentéiert :

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Thomas F. Arnold, Les guerres de la Renaissance XVe-XVIe siècles, Autrement, Paräis, 2002.
  • Danielle Boillet a Marie-Françoise Piejus, Les guerres d'Italie: histoire, pratiques, représentations, CIRRI, Université de la Sorbonne Nouvelle, Paräis, 2002.
  • Jean-Louis Fournel a Jean-Claude Zancarini, Les guerres d'Italie - Des batailles pour l'Europe (1494-1559), Gallimard, Paräis, 2003 (ISBN 2-07-053281-X)
  • F.L. Taylor, The art of war in Italy (1494-1529), Cambridge, 1921.

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Machiavelli, Il Principe; Fournel & Zancarini, op.cit., S. 15.
2: Vgl. Investitursträit.
3: Vgl. Schluecht vu Legnano

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Italienesch Kricher – Biller, Videoen oder Audiodateien