Ivan Gašparovič

Vu Wikipedia
Ivan Gašparovič
Gebuer 27. Mäerz 1941
Nationalitéit Tschechoslowakei, Slowakei
Aktivitéit Politiker, Enseignant, Pedagog

Den Ivan Gašparovič [ivan ˈgaʃparɔvitʃ], gebuer de 27. Mäerz 1941 zu Poltár, ass e slowakesche Politiker. Hie war vun 2004 bis 2014 President vun der Slowakei.

De Gašparovič huet vun 1959 bis 1964 Droit op der Comenius-Universitéit Bratislava studéiert a vun 1968 bis 1990 op där Universtiéit enseignéiert. Vu Juli 1990 bis Mäerz 1992 war hientschechoslowakesche Procureur général. Hie war dunn, als Member vun der HZDS vum Vladimír Mečiar, vun 1992 bis 1998 Parlamentspresident.

2002 gouf e vun der HZDS net méi fir d'Parlamentswalen opgestallt. Hien huet se ënner Protest verlooss an enge eege Partei gegrënnt, d"Beweegung fir Demokratie" (HZD), déi awer net genuch Stëmme krut, fir an d'Parlament ze kommen.

2004 huet de Gašparovič fir d'Presidentenamt kandidéiert a koum am éischten Tour op déi 2. Plaz, hanner dem Vladimír Mečiar. Beim 2. Tour krut de Gašparovič d'absolut Majoritéit, a gouf sou de 15. Juni 2004 als President vun der Slowakescher Republik vereedegt.

Bei de Presidentschaftswalen 2009 gouf hien de 4. Abrëll am zweeten Tour géint d'Iveta Radičová mat 55,53% vun de Stëmmen op 5 Joer erëmgewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ivan Gašparovič – Biller, Videoen oder Audiodateien