Iván Duque

Vu Wikipedia
Iván Duque
Gebuer 1. August 1976
Bogotá
Nationalitéit Kolumbien
Educatioun Georgetown University,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Politiker, Affekot, Schrëftsteller

Den Iván Duque Márquez, gebuer den 1. August 1976 zu Bogotá, ass e kolumbianeschen Affekot a Politiker (Centro Democrático; CD).

Hie gouf den 9. Mäerz 2014 als Member vum Senat an de Kongress vun der Republik gewielt. Virdru war hien Direkter vum Service Kultur, Kreativitéit a Solidaritéit bei der Interamerikanescher Entwécklungsbank (IDB).[1]

De 17. Juni 2018 gouf hien zum neie President vu Kolumbien gewielt.[2],[3]

Hien ass mat der Affekotin María Juliana Ruiz, mat där en 3 Kanner huet, bestuet.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iván Duque – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Senador Iván Duque Márquez congresovisible.org, gekuckt den 22. Januar 2018.
  2. Iván Duque, el nuevo Presidente de Colombia eltiempo.com, vum 18. Juni 2018
  3. Tjerk Brühwiller: Rechtskonservativer Kandidat gewinnt Wahl in Kolumbien faz.net
  4. Este es Iván Duque, el candidato uribista a la presidencia 2018. eltiempo.com, 11. Dezember 2017.